D'Viking-Rakéit war eng vun der A4 ofgeleet amerikanesch Héichtefuerschungsrakéit a gouf tëscht 1949 an 1957 véierzéngmol erfollegräich gestart. D'Rakéit gouf vun der Glenn L. Martin Company (haut Lockheed-Martin) entwéckelt a gebaut. Si gouf wéi d'A4-Rakéit mat Flëssegsauerstoff an Ethanol ugedriwwen.

D'Viking 10

De 24. Mee 1954 hat d'Viking II mat enger Héicht vun 254 km en neien Héichterekord fir eestufeg Rakéiten opgestallt. D'Viking déi de 5. Oktober 1954 mat enger Kamera u Bord fortgeschéckt gouf, hat déi éischt Biller vun engem Tropestuerm aus enger Héicht vu op d'mannst 160 km gemaach. D'Biller haten e Gebitt vun ongeféier 1600 km am Duerchmiesser gewisen.

D'Viking hat eng Längt vu 14,90 Meter, eng Schautespaanwäit vun 2,80 Meter, en Duerchmiesser vun 0,81 Meter an eng Startmass vu 4,5 Tonnen.

De Startschub war 93 kN, hir gréisst erreecht Héicht war 200 Kilometer.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren