Cape Canaveral AFS Launch Complex 12

De Cape Canaveral AFS Launch Complex 12 (LC-12) war eng Startramp vun der Cape Canaveral Air Force Station op Merritt Island um Cape Canaveral a Florida. Si gouf vun Enn vun den 1950er bis Enn vun den 1960er Joren haaptsächlech fir d'Starten, d'Test- an Entwécklungsflich vun der Atlas-Interkontinentalrakéit benotzt.

CCAFS LC-12
De Start vu Ranger 7
Kategorie Weltraumgare  USA
Bedreiwer US Air Force
Launch Pads 1
Rakéiten Atlas
Éischte Start 10. Januar 1958
Leschte Start 5. November 1967
Starten 38
Status ausser Betrib
Koordinaten Breetegrad: 28,4805
Längtegrad: -80,5420

D'NASA huet och vun der LC-12 déi verschiddenst Notzlaaschte gestart. Sou goufen zwou vun de fréiere Pioneer-Moundsonden an all d'Ranger-Moundsonde vun do gestart. Och véier Mariner-Sonde goufe vun der LC-12 gestart.

1967 gouf d'LC-12 zesumme mat de Schwësterstartrampen LC-11 an LC-14 offiziell ausser Betrib geholl.

Startlëscht änneren

Datum Zäit (UTC) Rakéitentyp Seriennummer Uewerstuf Missioun / Notzlaascht Bemierkung
10. Januar 1958 15:48 Atlas A 10A suborbitalen Testfluch
20. Februar 1958 17:46 Atlas A 11A Feelstart
3. Juni 1958 21:28 Atlas A 16A Leschte Fluch vun enger Atlas-A-Rakéit
24. Dezember 1958 04:45 Atlas C 3C Éischte Fluch vun enger Atlas-C-Rakéit
27. Januar 1959 23:34 Atlas C 4C
20. Februar 1959 05:38 Atlas C 5C Feelstart
19. Mäerz 1959 00:59 Atlas C 7C RVX-2 Feelstart
21. Juli 1959 05:22 Atlas C 8C AFSWC-5 Erfollegräichen Test vun engem Neesantrëtt
24. August 1959 15:53 Atlas C 11C AFSWC-6 Leschten erfollegräiche Start vun enger Atlas-C-Rakéit.
24. September 1959 Atlas C 9C Able Fehlschlag: Rakete explodierte bei einem Test auf der Startrampe
20. Mee 1960 15:00 Atlas D 56D Längste bekannte Fluch vun enger Interkontinentalrakete (14550 km)
28. Juni 1960 02:30 Atlas D 27D
9. August 1960 18:09 Atlas D 32D
25. September 1960 15:13 Atlas D 80D Able Pioneer C Éischte Raumfluchversuch vun hei. Feelstart, Explosioun vun der zweeter Stuf
15. November 1960 05:54 Atlas D 83D
15. Dezember 1960 09:10 Atlas D 91D Able Pioneer D Feelstart, Explosioun vun der éischter Stuf
23. Januar 1961 21:02 Atlas D 90D Leschten Testfluch vun der US Air Force mat enger Atlas-D-Rakéit vu Cape Canaveral
23. August 1961 10:04 Atlas D 111D Agena B Ranger 1 Moundsond, ass wéinst enger Feelfunktioun an der Äerdëmlafbunn bliwwen a war no 7 Deeg vergloust. Éischte gegléckten Orbitalstart vun dëser Startramp.
18. November 1961 08:12 Atlas D 117D Agena B Ranger 2 Moundsond, war wéinst enger Feelfunktioun an der Äerdëmlafbunn bliwwen an no zwéin Deeg vergloust
26. Januar 1962 20:30 Atlas D 121D Agena B Ranger 3 Moundsond, hat de Mound wéinst engem Steierungsproblem verfeelt
23. Abrëll 1962 20:50 Atlas D 133D Agena B Ranger 4 Éischt US-Moundsond, déi den Äerdmound getraf huet
22. Juli 1962 09:21 Atlas D 145D Agena B Mariner 1 Venussond, Feelstart
27. August 1962 06:53 Atlas D 179D Agena B Mariner 2 Venussond, éischte Laanschtfluch bei engem anere Planéitn mat Funkkontakt
18. Oktober 1962 16:59 Atlas D 215D Agena B Ranger 5 Moundsond. Hat de Mound wéinst Steierungsproblemer verfeelt
30. Januar 1964 15:49 Atlas D 199D Agena B Ranger 6 Moundsond
14. Abrëll 1964 21:42 Atlas D 263D FIRE 1 Suborbitalen Neesantrëttstest fir d'Apollo-Raumschëff
28. Juli 1964 16:50 Atlas D 250D Agena B Ranger 7 Moundsond
5. September 1964 01:23 Atlas D 195D Agena B OGO 1 Fuerschungssatellit
28. November 1964 14:22 Atlas D 288D Agena D Mariner 4 Éischt erfollegräich Marssond
17. Februar 1965 17:05 Atlas D 196D Agena B Ranger 8
21. Mäerz 1965 21:37 Atlas D 204D Agena B Ranger 9 Moundsond. Live-Iwwerdroung vum Opschlag an der Televisioun.
22. Mee 1965 21:55 Atlas D 264D FIRE 2 Suborbitalen Neesantrëttstest fir d'Apollo-Raumschëff
8. Abrëll 1966 19:35 Atlas SLV-3 5001 Agena D OAO 1
7. Juni 1966 02:48 Atlas SLV-3 5601 Agena B OGO 3
7. Dezember 1966 02:12 Atlas SLV-3 5101 Agena D ATS 1 Geosynchrone Fuerschungssatellit
6. Abrëll 1967 03:23 Atlas SLV-3 5102 Agena D ATS 2 Hat net de geplangten Orbit erreecht
14. Juni 1967 06:01 Atlas SLV-3 5401 Agena D Mariner 5 Venussond
5. November 1967 23:37 Atlas SLV-3 5103 Agena D ATS 3 Geosynchrone Fuerschungssatellit

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

  • (en) Encyclopedia Astronautica: LC-12