Wallops Flight Facility

D'Wallops Flight Facility (WFF; IATA: WAL, ICAO: KWAL), oder Mid-Atlantic Regional Spaceport (MARS) oder Wallops Island, ass, nieft der Cape Canaveral Air Force Station an der Vandenberg Air Force Base, eng vun den eelste Rakéitestartplaze vun der Welt. D'Insel Wallops Island gouf no hirem éischte Besëtzer dem John Wallop genannt. D'Startplaz op der Insel gehéiert der NASA an et ass eng Filial vum Goddard Space Flight Center.

Startanlagen op Wallops Island
WFF Main Base, Mainland Site an Island Launch Site

Gebrauch

änneren

Vu Wallops aus gi Starte mat enger Bunneschréi vun tëscht 37 a 70 Grad gemaach. D'Wallops Flight Facility war ausserdeem eng Noutlandeplaz vum Space Shuttle.

Den éischte Rakéitenstart op Wallops Island war de 4. Juli 1945. De 4. Dezember 1959 gouf am Kader vum Mercury-Programm vun do aus de Rhesusaf Sam op e ballistesche Fluch geschéckt. Weider wichteg Tester, wéi beispillsweis d'Proufflich fir d'Rettungssystemer vum Mercury- an Apollo-Programm goufen do gemaach.

Haut ass Wallops Island eng Rakéitestartplaz fir Héichtefuerschungsrakéiten a geleeëntlech Starte vu klenge Satellitten. Fir d'Satellittestarte goufen an de Joren 1960 bis 1994 d'Scout-Rakéiten agesat. Zanterhier gouf en Exemplar vun der Conestoga-Rakéit souwéi en ettlech Pegasus-Rakéite fir orbital Starten agesat.

Enn Abrëll 2007 gouf de militäresche Satellit NFIRE an am September 2009 de Satellit TacSat-3, mam Rakéitentyp Minotaur-1 gestart. Am September 2013 gouf vun do d'Moundsond LADEE mat enger Minotaur-V-Rakéit op d'Rees geschéckt.

D'Wallops Flight Facility ass an dräi Deeler opgedeelt, d'Wallops Main Base, d'Wallops Mainland Site an d'Wallops Island Launch Site.

Zum Beräich vun der Main Base gehéieren d'Administratioun, d'Ariichtunge fir Fuerschung an Telemetrie, d'Buedemstatioun fir d'Bunnpoursuite, souwéi d'Start- an d'Telekommunikatiounzentren. Um Terrain sinn och d'National Oceanic and Atmospheric Administration (NOAA), souwéi d'US-Coast Guard an d'US Navy ze fannen. D'Radaranlagen, souwéi d'Sende- an Empfangsanlagen sinn am westlechen Deel (Wallops Mainland) vum WFF. Um Gebitt vum Wallops Island Launch Site sinn d'Startanlagen, d'Radaranlagen, an d'Montage- a Lagerhalen.

Geschicht

änneren

D'Startgebitt Wallops Island gouf 1945 vun der National Advisory Committee for Aeronautics (dem Vileefer vun der NASA) gegrënnt. Et stoung Ufanks ënner der Leedung vum Langley Research Center.

Am Joer 1958 krut de Langley Research Center no der NASA-Grënnung d'Leedung entzunn a Wallops Island gouf eng eegestänneg Ariichtung vun der NASA. Am Joer 1974 gouf d'Startgebitt a Wallops Flight Center ëmbenannt, an 1981 a Wallops Flight Facility.

 
Test vun engem Mercury-Raumschëff mat enger Little-Joe-Rakéit (lénks), Start vun enger Scout-Rakéit (riets)

Vun 1959 bis 1961 goufen do Tester vum Mercury-Raumschëff an dem Fluchttuerm gemaach, nach ier déi éischt bemannt Startem am Mercury-Programm vum Kennedy Space Center gestart goufen. Den 21. August 1959 gouf e Startversuch vun enger Little Joe 1 Rakéit ënnerholl. Duerch en technesche Problem hat d'Rettungssystem 30 Minutte virum reguläre Start gezünnt. D'Mercury-Kapsel war bis op 600 m héich geflunn a war dann no 20 Sekonne Fluchzäit an den Atlanteschen Ozean gefall.

De 4. Dezember 1959 gouf dat éischt Liewewiesen, de Rhesusaf Sam, mat enger Little-Joe-2-Rakéit gestart. Et goufe biomedizinesch Tester fir déi geplangt bemannt Raumflich duerchgefouert. Ee Mount méi spéit, den 21. Januar 1960, gouf op e neieis e Rhesusaf, d'Miss Sam, mat enger Little-Joe-1B-Rakéit zu engem suborbitale Fluch gestart. Och hei goufe nees biomedizinesch Tester gemaach.

Zu engem Feelschlag koum et den 8. November 1960 mam Start vun enger Little-Joe-5-Rakéit an dem Mercury-Raumschëff Nr. 3. D'Raumschëff hat sech net vun der Rakéit getrennt. Den 28. Abrëll an den 30. Juni 1960 gouf et zwee weider deelweis erfollegräich Starter vun enger Little-Joe-Rakéit mam Mercury-Raumschëff Nr. 14.

Mam éischte Start vun enger kompletter Scout-Rakéit gouf mat engem suborbitale Fluch den 1. Juli 1960 e weidere wichtege Projet ugefaangen. Bei engem zweete Start hat d'Scout-Rakéit eng Héicht vun 2414 km erreecht. De 4. Dezember 1960 gouf fir d'éischt versicht, e Satellit vum WFF aus ze starten. Well awer déi zweet Stuf vun der Scout-Rakéit net gezünnt hat, ass de Satellit Explorer S-56 an den Atlantik gestierzt.

De 16. Februar 1961 gouf fir d'éischt mat enger Scout-Rakéit e Satellit (Explorer 9) erfollegräich an den Orbit transportéiert. De Satellit war dräi Joer méi spéit an der Äerdatmosphär vergloust.

Mam Start vum Satellit RFD-1 den 22. Mee 1963 gouf en éischten erfollegräichen Neesantrëtt an Äerdatmosphär wärend engem suborbitale Fluch getest. Zwee Méint méi spéit gouf bei engem weideren Neesantrëtttest d'Hëtzschutzmaterial getest. Den 19. Oktober 1967 goufen mam Start vum Satellit RAM C-1 d'Kommunikatiounsproblemer wärend dem Neesantrëtt ënnersicht.

Den 18. Juni 1976 gouf déi suborbital Sond Gravity Probe A fir d'experimentell Iwwerpréiwung vum Einstein senger Allgemenger Relativitéitstheorie gestart.

Am Juli 2003 hunn d'Gouverneure Robert Ehrlich aus Maryland a Mark Warner aus Virginia eng Ofmaachung fir e Betrib vun engem kommerziellen Raumfluchgare ënnerzeechent. Den Mid-Atlantic Regional Spaceport (MARS) gouf am Joer 2005 fäerdeggestallt, an de 16. Dezember 2006 ass déi éischt Minotaur-Rakéit gestart.[1]

Startrampen

änneren
Startramp Koordinate Startplaze Status Bemierkungen
Launch Area 0 37.8315 N 75.4901 W 2 Conestoga 1620 (LA-0A), Antares (LA-0A), Minotaur-1, ALV (LA-0B)
Launch Area 1 37.8352 N 75.4861 W 1 Astrobee F, Little Joe
Launch Area 2 37.8376 N 75.4834 W 1 Black Brant
Launch Area 3 37.8503 N 75.4725 W 2 Scout B, Scout D, Scout G, Scout X, Scout X-1, Scout X-2, Scout X-3, Scout X-4, Scout X-5
Launch Area 4 37.8508 N 75.4702 W 1 Blue Scout Junior, Journeyman, Little Joe
Launch Area 5 37.8529 N 75.4681 W 1 Black Brant
Runway RW04/22 1 Pegasus XL

Bis elo si vu Wallops Island méi wéi 14.000 Rakéite gestart.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. (en) Governors Report (PDF; 596 kB)