C/1874 H1 (Coggia)
Zeichnungen des Kometen Coggia
Orbittyp laangperiodesch
Grouss Hallefachs 572,7
Perihel 0,676 AE
Aphel 1144,7 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.9988
Perihelduerchgank 9. Juli 1874
Ëmlafdauer ~13700 Joer
Ëmlafvitess 51,2 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ?
Entdecker Jérôme-Eugène Coggia
Entdeckungsdatum 17. Avrëll 1874
Aner Bezeechnungen 1874 III, 1874c

Den C/1874 H1 (Coggia) war e Koméit, deen am Joer 1874 mat bloussem A gesi konnt ginn. Hie gëtt wéinst senger ausseruerdentlecher Hellegkeet zu de Grousse Koméite gezielt.

Entdeckung an Observatioun änneren

Den Astronom Jérôme-Eugène Coggia hat de Koméit mat sengem Teleskop de 17. Abrëll 1874 zu Marseille entdeckt. An der zweeter Abrëllshallschent an am Mee konnt de Koméit intensiv observéiert ginn, ë. a. vum Friedrich August Theodor Winnecke zu Stroossbuerg, vum Ernst Wilhelm Leberecht Tempel zu Arcetri, vum Lipót Schulhof zu Wien, vum George Rümker zu Hamburg a vum Johann Friedrich Julius Schmidt zu Athen. De Koméit war awer am Ufank e schwaachten teleskopeschen Objet an huet sech nëmme ganz lues um Himmel beweegt, well hie nach wäit vu Sonn an Äerd ewech war. Vu Mëtt Mee un, konnt eng Entwécklung vun engem Schwäif festgestallt ginn.

Ufank Juni gouf de Koméit och mam bloussen A observéiert, bis Enn vum Mount hat seng visuell Magnitude ongeféier 4 mag erreecht. Ufank Juli hat de Schwäif schonn eng Längt vu 6°, hien ass séier gewuess an hat de 16. Juli iwwer 45°, dobäi war hie perfekt riicht a schmuel a war um Enn nëmmen 1 bis 2° breet.

An der zweeter Julihallschent huet sech de Koméit séier no Süde verzunn, wou hien d'Äerd passéiert huet, wouduerch hien an der Schummerecht méi schwéier z'observéiere war. Fir de Schwäif goufe Längte vun iwwer 60° notéiert. Den 20. Juli goung de Koméit vun der Äerd aus gesinn nëmme gutt 2° laanscht d'Sonn a gouf den 23. Juli vum Schmidt als leschten Observateur op der Nordhemispher gesinn.

De 27. Juli gouf de Koméit fir d'lescht op der Südhemispher um Muereshimmel gesinn. Déi lescht Observatioun war dem John M. Thome zu Córdoba an Argentinien den 19. Oktober gelongen.[1]

De Koméit krut den 13. Juli eng Hellegkeet vun 0 bis 1 mag.

Wëssenschaftlech Auswäertung änneren

Mat dësem Koméit goufe fir d'éischt och vun engem Grousse Koméit vill spektroskopesch Fotoe vu Mee bis Juli 1874 duerch den William Huggins, den Angelo Secchi, de Joseph Norman Lockyer, de Georges Rayet an de Charles Wolf gemaach, ufanks gouf nëmmen e Kontinuum festgestallt, vu Mëtt Juni och déi dräii typesch Koméitebänner. Et gouf och d'Polarisatioun vum Koméit ënnersicht a vun Ufank Juli am Schwäif an an der Koma nogewisen.[2]

Fir de Koméit goufen ufanks parabolesch Orbiter berechent. No weideren Observatiounsdate goufen dann och eng elliptesch Ëmlafbunn berechent.[1]

Ëmlafbunn änneren

Fir de Koméit konnt dunn am Joer 1882 aus 638 Observatiounsdaten iwwer en Zäitraum vun 185 Deeg, de Josef von Hepperger eng elliptesch Ëmlafbunn bestëmmen, déi ëm ronn 66° géint d'Ekliptik steet.[3] Am sonnennooste Punkt vun der Bunn (Perihel), deen de Koméit den 9. Juli 1874 duerchlaf hat, war hie mat ongeféier 101,1 Mio. km Sonnendistanz knapps am bannenzege Beräich vun der Venusëmlafbunn. Den 23. Juli hat hie mat 0,29 AE/43,5 Mio. km den nooste Rendez-vous mat der Äerd erreecht.

De Koméit beweegt sech op enger extreem laanggestreckter elliptescher Bunn ëm d'Sonn. No deene mat enger gewësser Onsécherheet notéierte Bunnelementer kéint hie viru sengem leschte Passage duerch de bannenzege Sonnesystem am Joer 1874 nach eng Ëmlafzäit vu 5.500 Joer gehat hunn. Dono hat sech awer seng Bunnexzentrizitéit ëm ronn 0,001 an d'Grouss Hallefachs däitlech vun ongeféier 315 AE op bal 550 AE vergréissert, sou datt sech seng Ëmlafzäit méi wéi verduebbelt huet. Hie kënnt warscheinlech eréischt no iwwer 12.000 Joer an de bannenzege Sonnesystem zeréck.

De Koméit an der Literatur änneren

De brittesche Lyriker vum Viktorianeschen Zäitalter, de Gerard Manley Hopkins beschreift de Koméit a sengem Dagesbuch vum 13. Juli 1874.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 G. W. Kronk: Cometography - A Catalog of Comets. Volume 2: 1800–1899. Cambridge University Press, 2003, ISBN 0-521-58505-8, S. 405–412.
  2. Peter Grego: Blazing a Ghostly Trail: ISON and Great Comets of the Past and Future. Springer, Cham 2013, ISBN 978-3-319-01774-7, S. 118–119.
  3. JPL Small-Body Database Browser|C/1874%20H1