De Bommenzinnes ass an der Lëtzebuerger Ëmgangssprooch den Numm vum Jang vun Nepomuk[1], deen am Joerzéngt 1340-1349 als Jan Welflin oder Wolfflin zu Pomuk[2] bei Pilsen a Béimen op d'Welt koum, an den 20. Mäerz 1393 zu Prag gestuerwen ass. Hie war e béimesche Geeschtlechen.

De Bommenzinnes op der Bréck zu Veianen

D'Legend änneren

De Bommenzinnes war, der Legend no, e béimesche Rechtsgeléierten, deen am 14. Joerhonnert zu Prag Generalvikar war. Ënner der Herrschaft vum Wenzel II. gouf en den 20. Mäerz 1393 zu Prag vun der Karlsbréck erof an d'Moldau gehäit, well e beim Kinnek an Ongnod gefall war. Op der Bréck steet haut nach seng Statu. Hien ass am Väitsdoum zu Prag begruewen.

De Patréiner änneren

Den 19. Mäerz 1728 gouf hie vum Poopst Benedikt XIII. helleggesprach an hie gëllt zanterhier als Patréiner géint Waasserschied a géint Diffamatiounen.

Statuen a Biller zu Lëtzebuerg änneren

Am noen Ausland

Illustratiounen änneren

Literatur änneren

  • Friedrich, Evy, 1985. Kalennerblieder. Virwuert vum Directeur Général vu Radio-Lëtzebuerg Gust Graas. - Luxembourg: Verlag J. P. Krippler-Muller. 397 p. [Bommenzinnes: S. 85]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bommenzinnes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. De.: Johannes Nepomuk, Johannes von Nepomuk; Fr.: Jean Népomucène; Cz.: Jan Nepomucký, Jan z Pomuku oder Jan z Nepomuku.
  2. Haut: Nepomuk.
  3. De Bommenzinnes ass zeréck. Luxemburger Wort vum 11. Oktober 1995. Cf. och: Chronik vor 15 Jahren: De Bommenzinnes ass zeréck, Luxemburger Wort vum 11. Oktober 2010, S. 35.