Bréck op der Dörnauelsmillen

däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Our


D'Bréck op der Dörnauelsmillen oder och nach op der Dräsmillen ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Our.

Bréck op der Dörnauelsmillen
D'Foussgänger- a Vëlosbréck, a Richtung Däitschland gekuckt
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz Rouderssen
Preischeid
Flosskilometer 33,395[1]
Koordinaten 50° 01’ 52.72’’ N° 06’ 07’’ 46.02
50° 01’ 52.72’’ N° 06’ 07’’ 47.5
Chronologie
Baujoer 1972
Neibau 2010
Funktioun
Benotzt als Foussgängerbréck, Vëlosbréck
Féiert iwwer Our
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Totallängt ca. 30 m
Felder/Béi 2
Material Stol
Bemierkungen
Bauhär Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark

Dës metalle Bréck ass am Joer 2010 gebaut ginn[2] nodeem de Virgänger, eng baufälleg Jachbréck, e puer Joer gespaart war. Si kann zu Fouss oder mam Vëlo benotzt ginn. Si läit tëscht den Uertschafte Rouderssen zu Lëtzebuerg a Preischeid am Äifelkrees Béibreg-Prüm an Däitschland.

Op der mëttelster Stäip gouf eng Statu vum Bommenzinnes – dem Patréiner vun de Brécken – opgeriicht, grad sou wéi zu Veianen.

Déi al Jachbréck (1972-2010) änneren

Déi al Bréck war eng sougenannt Jachbréck am Fachwierkbau. Et war eng reng Foussgängerbréck a gouf 1972 am Optrag vun der Vereinigung Deutsch-Luxemburgischer Naturpark gebaut. D'Bréck war aus Holz an d'Feldwäite waren 2   14,65 Meter. Den Iwwergank war jorelaang gespaart well d'Bréck baufälleg war.

D'Nopeschbrécke sinn d'Bréck vun Doosber (flossop) an d'Bréck vun Eesbech (flossof). Bis am Zweete Weltkrich war d'Bréck op der Frankemillen déi éischt Nopeschbréck no uewen.

Illustratiounen änneren

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bréck op der Dörnauelsmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. D'Flosskilometeren an dër Këscht entspriechen deenen déi um Blat 4 vun der däitsch-lëtzebuergescher Grenzkaart vun 1984 festgehale goufen.
  2. Déi offiziell Aweiung war den 23. November 2010. Cf. Luxemburger Wort vum 19. Juli 2011, S. 23: "Fortwährendes Zusammenwachsen". Erneuerte Rad-und Wanderbrücke über die Our im Dreiländereck eingeweiht.