Bluesmusek zu Lëtzebuerg

Dësen Artikel behandelt zanter wéini, a vu weem zu Lëtzebuerg Blues gespillt gouf a gëtt.

Geschicht vum Blues zu Lëtzebuerg änneren

Ufank änneren

Et ass schwiereg, fir den Ufank vum Blues zu Lëtzebuerg genee ze datéieren. Obwuel eng Partie fréier Jazz- a Rockgruppen an hirem Repertoire sécherlech och Bluesstécker gespillt hunn, sinn eréischt an de spéiden 1980er Joren déi éischt reng Bluesmuseksgruppen entstanen.

De Guy Theisen, alias Lesley Kent, soll 1966 deen éischte gewiescht sinn, dee mat senger Band The Problems de Rhythm and Blues zu Lëtzebuerg agefouert huet.[1] An den 1960er-80er Jore soll et zu Lëtzebuerg keng reng Bluesmuseksgruppe ginn hunn. De Concert vum Jimi Hendrix 1967 am Charly's[2], am Kader vun enger gemeinsamer Tournée mam Johnny Hallyday, huet e bleiwenden Androck op déi lëtzebuergesch Musekszeen hannerlooss. An deene Joerzéngten hunn eng Partie Rockgruppen och Bluesnummeren an hirem Repertoire gehat, ë. a. We Feel a Cool Feet. 1970 huet um Lampertsbierg déi legendär Disko Blow Up hir Dieren opgemaach, an där reegelméisseg Blues-Rock-Legenden opgetruede sinn, ë. a. Canned Heat.

Mainline heescht déi éischt Rock- a Bluesmuseksgrupp, déi de Luke Haas a senger Anthologie[3] ernimmt, bei där hie vun 1978 un och matgespillt huet. Réischt Enn der 1980er Jore goufen déi éischt reng Bluesgruppe gegrënnt: Blues Busters (1985-1992), Blues Connection (1987-?), Blues Train (1989-?), Blues For Two (1989-1992) a Blues, Women and Whiskey (1992-?).

De Blues-Club Lëtzebuerg änneren

De Blues-Club Lëtzebuerg ass e Veräin ouni Gewënnzweck, deen 1997 gegrënnt gouf a säi Sëtz an der Stad Lëtzebuerg huet. De Blues-Club huet sech zum Zil gesat, d'Blues-Musek an hir derivéiert Museksstiler z'ënnerstëtzen. En organiséiert reegelméisseg Concerten, bei deenen international renomméiert Museker op der Affiche sinn, woubäi lokal oder regional Bluesgruppen d'Geleeënheet kréien, fir den éischten Deel ze spillen a sech domat en Numm ze maachen. D'Concerte vum Blues-Club gi gewéinlech am Sang a Klang am Pafendall gespillt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Blues-Club Lëtzebuerg.

Déifferdenger Bluesschoul änneren

2006 hunn d'Museker Romain Heck a René Cavallini zesumme mam François Meisch vun der Kulturkommissioun vun der Stad Déifferdeng déi Déifferdenger Bluesschoul gegrënnt. Si gëtt vum Bluesgittarist Remo Cavallini geleet an ass an der Museksschoul vun der Stad Déifferdeng am Kulturzentrum Aalt Stadhaus. Souwuel Ufänger wéi och erfuere Museker kënne sech do fir Coursen aschreiwen.

Lëtzebuergesch Bluesmuseksgruppen änneren

Bluesmuseksgrupp Gegrënnt Opgeléist
Blue Screw 1990 1996
Blue Shade 2002 2007
Blues Busters 1985 1992
Blues Connection 1987 ?
Blues For Two 1989 1992
Blues Gangsters ? ?
Blues Train 1989 ?
Blues, Women and Whiskey 1992
BMAD 2020 -
Chicken Head 2014 -
Cleanhead & Cosa Nostra -
Crossroads 2001 2018
Dan's Blues Band ? -
Dave White and the Mighty Vibrators ? -
Dr. Rain & The Umbrellas 2007 2017
Eight Bar Blues Band 2015 -
Elo & The Bad Boys 2017 -
Empty Arms Blues Band 2023 -
Fred Barreto Group ? -
Gaasserockbluesband ? -
Greyhounds 59 2016 -
Heavy Petrol 2011 -
Kid Colling Cartel 2012 -
Little Blues Band ? -
Petrol Train Unplugged ? -
Ramblin' South 2015 -
Remo-Cavallini-Band 2009 -
Renegade Dukes ? -
Sneaky Pete ? -
Strange Brew ? ?
The Coal Street MinOrs 2012 -
The Heritage Blues Company 2006 2018
The Horse Blinders 2019 -
The Muddy Marauders 2022 -
The Odd Blues Reunion ? -
The Winklepickers 2001 -
Thunder Road 2016 2023

Bluesfestivalen zu Lëtzebuerg änneren

Literatur änneren

  • Haas, Luke, 1982, Luxemburgs Rock Story (1959-1982), Éditions John Schmit, Capellen, 160 S.
  • Molinaro, Claude, 2018a. Bluesspuren – Die Anfänge eines Musikstils in Luxemburg. Tageblatt 160: 2. Och op Tageblatt-Online
  • Molinaro, Claude, 2018b. "Do war rot, Fa war gelb". Bluesgeschichten - Erinnerungen und Anekdoten. Tageblatt 160: 3.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Haas 1982, zit. in Molinaro 2018a.
  2. D'Lokal huet spéider Scorpion geheescht.
  3. Cf. Haas 1982 an der Literatur.