Blues ass eng vokal an instrumental Museksform, déi sech an der afroamerikanescher Gesellschaft an den USA um Enn vum 19. bis um Ufank vum 20. Joerhonnert entwéckelt huet. D'Wuert Blues staamt vun den engleschen Ausdréck I've got the blues respektiv I feel blue[1].

Taj Mahal Blues Trio

De Blues bilt d'Wuerzel vum gréissten Deel vun der populärer nordamerikanescher Musek. Jazz, Rock, Rock 'n' Roll a Soul sinn no mam Blues Famill. Souguer an aktuelle Stilrichtunge wéi den Hip-Hop huet de Blues seng Spueren hannerlooss.

Blues-Schema änneren

Déi heefegst Grondform vum Blues huet zwielef Takter, d'Melodie gëtt vun den dräi Grondakkorden an der 1., 4. a 5. Stuf (Tonika, Subdominant an Dominant) begleet. Heefeg Schemae sinn den 8-Takt-Blues an de 16-Takt-Blues. Doriwwer eraus gëtt et vill Varianten, wéi z. B. den 18-Takt-Blues.

Akkorde fir en 12-Takt-Blues[2] Akkorde fir e Blues am Do (C)
I I (IV) I I7
IV IV I I7
V V (IV) I I (V)
C C (F) C C7
F F C C7
G G (F) C C (G)

Blues-Tounleeder änneren

Fir d'Melodie gëtt eng speziell Tounleeder benotzt, bei där eng Rei Alteratiounen (Hallefnouten), déi sougenannt blue notes, derbäikommen, an aner Nouten ewech gelooss ginn. Si entsprécht enger pentatonescher Touleeder am Mineur. D'Blues-Tounleeder kënnt a bal all de Forme vu moderner Rock-, Pop- an Jazzmusek vir.

 

(Dës Tounleeder funktionéiert net am Internetexplorer)

Bluestexter änneren

D'Texter vum Blues besti meeschtens aus dräi Sätz, woubäi deen éischten eng Feststellung duerstellt, déi am zweete Saz widderholl gëtt, fir am leschten duerch eng Erklärung opgeléist ze ginn.

Hei als Beispill en Extrait aus dem "Rising High Water Blues" aus dem Joer 1927 vum "Blind Lemon" Jefferson, dee sech op déi grouss Iwwerschwemmung vum Mississippi bezitt:

„Backwater rising, Southern peoples can't make no time.

I said, backwater rising, Southern peoples can't make no time.

And I can't get no hearing from that Memphis girl of mine.“

Audiobeispiller änneren

Bluesmusek zu Lëtzebuerg änneren

Obwuel eng Partie fréier Jazz- a Rockgruppen an hirem Repertoire sécherlech och Blues gespillt hunn, si réischt an de spéiden 1980er Joren déi éischt reng Bluesmuseksgruppen entstanen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bluesmusek zu Lëtzebuerg.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Wiktionnaire: Blues Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen
Commons: Blues – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notten änneren

  1. Lb: ech sinn traureg.
  2. Englesch: 12-bar blues.