Rhythm and Blues

Museksstil

Rhythm and Blues (dacks als R&B, R'n'B oder RnB ofgekierzt) ass den Numm vun engem Museksstil, dee fir d'éischt an den 1940er Joren an der afroamerikanescher Popmusek opgedaucht ass. R&B ass eng rhythmesch staark accentuéiert Form vum Blues, aus deem spéider de Rock and Roll entstanen ass.

An den 1980er an 1990er krut de Begrëff eng nei Definitioun an huet eng Mëschung aus Popmusek a Soul, respektiv spéider eng Mëschung aus Popmusek an Hip-Hop bezeechent. Fir eng kloer Ofgrenzung ze schafen, gëtt haut dofir meescht den Term Contemporary R&B benotzt.

Um Spaweck änneren