Kid Colling Cartel

lëtzebuergesch Blues- a Rockband

Kid Colling Cartel ass eng lëtzebuergesch Blues- a Rockband, déi 2012 gegrënnt gouf. D'Band ass nom Numm vum Bandleader Kid Colling genannt, Cartel kënnt vu senge kolumbianeschen Originnen hier.

Der Band hire Stil kéint een als moderne Blues-Rock bezeechnen. Si spillt haaptsächleich dem Kid Colling seng eege Kompositiounen, déi sech a verschidde Museksgenre wot, wéi Groove, Funk a virum allem Rockmusek, ouni awer jeemools de Lien zum Blues opzeginn.

2014 krut de Kid Colling Cartel de SoBlues-Präis vun Europajazz um Festival "Les Rendez-vous de l'Erdre" zu Nantes (F) (28.-31. August 2014). De 6. August 2016 war de Cartel Gewënner vum « 1er tremplin Bagnols Blues Festival » zu Bagnols-sur-Cèze (F)[1]. 2016 huet de Cartel dee vum Blues-Club Lëtzebuerg organiséierte lëtzebuergesche Blues-Contest gewonnen an huet doropshin 2017 Lëtzebuerg beim European Blues Challenge zu Horsens an Dänemark vertrueden.

Membere vum Kid Colling Cartel (Stand 2018) änneren

Um Spaweck änneren