D'Remo-Cavallini-Band ass eng lëtzebuergesch Bluesmuseksgrupp, déi am Joer 2009 gegrënnt an nom Lead-Gittarist Remo Cavallini genannt gouf.

Remo-Cavallini-Band
Museksgenre Blues
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2009
Websäit www.remocavallini.com
Memberen Remo Cavallini (Gittar, Gesank)
René Macri (E-Bass)
Jeff Herr (Batterie)
Pit Kuffer (Trompett)
Fernand Neumann (Tenor-Saxofon)
Priscila Da Costa (Gesank, backing vocals)

Der Remo-Cavallini-Band hir Musek ass déif am Blues verwuerzelt, si vermëscht sech awer dacks mat Elementer aus Rock, Jazz a Funk. Dem Remo Cavallini säi Gittarestil ass vu follgende Museker beaflosst: Jimi Hendrix, Stevie Ray Vaughan, B. B. King, Peter Green, Albert Collins a Gary Moore.

Bis ewell huet d'Remo-Cavallini-Band als Virgrupp ë. a. fir follgend Blues-Legende gespillt: Ten Years After, Johnny Winter, Steve Lukather, Lucky Peterson, ZZ Top, Louisiana Red, Scott Henderson.

CDen änneren

  • 2009: Authentic South
  • 2014: Self Control
  • 2017: The Last Blues From 29

Literatur änneren

  • Molinaro, Claude, 2018. Süd-Stad-Blues. Interview: Remo Cavallini und sein Album "The Last Blues From 29". Tageblatt 47: 21 (24-25.02.2018).