Zéissenger Kräiz

Autobunnskräiz

D' Zéissenger Kräiz ass en Autobunnskräiz zu Lëtzebuerg, um südleche Contournement vun der Stad Lëtzebuerg, bei Zéisseng (dohier säin Numm).

Loftvue vum Zéissenger Kräiz.
Lag

Et verbënnt d'Autobunn A6 mat der A4, der Escher Autobunn.

Geschicht änneren

D'Zéissenger Kräiz gouf zeumme mam Deelstéck vun der A4, tëscht Leideleng-Nord an Hollerech, an dem Deelstéck vun der A6 tëscht der Areler Strooss an dem Gaasperecher Kräiz, an den 1970er Joren ugeluecht. Ufanks war d'Kräiz onvollstänneg: et gouf keen Uschloss vun der A4 a Richtung Esch un d'A6 a Richtung Arel, a vun der A6 a Richtung Gaasperecher Kräiz un d'A4 a Richtung Stad. Dës Verbindunge goufen eréischt an den 1990er Joren nodréiglech ugebaut.

Uschlëss änneren

A 6 E 25E 44
Richtung
Arel / Léck / Bréissel
A 4
Richtung
Lëtzebuerg
 
A 4
Richtung
Esch-Uelzecht
A 6E 25E 44
Richtung
Metz / Tréier

Um Spaweck änneren