Apollo (Raumschëff)
North American Apollo CSM | ||
---|---|---|
Apollo CSM-112 an der Moundëmlafbunn | ||
Beschreiwung | ||
Gebrauch: | Äerd- a Moundëmlafbunn | |
Besatzung: | 3: Kommandant, CSM Pilot, LM Pilot | |
Ofmiessungen | ||
Héicht: | 11,03 m | |
Duerchmiesser: | 3,90 m | |
Volumen: | 6,17 m³ | |
Mass | ||
CM: | 5.809 kg | |
SM: | 24.523 kg | |
Total: | 30.332 kg | |
Undriff | ||
CM Steierdüsen (N2O4/UDMH) | 12 × 412 N | |
SM Steierdüsen (N2O4/UDMH) | 16 × 441 N | |
Haaptundriff (N2O4/UDMH) |
1 × 97,86 kN | |
Asazdaten | ||
Missiounsdauer: | 14 Deeg (200 Äerdëmkreesungen) | |
Apogeum: | 386,242 km | |
Perigeum: | 160 km | |
Delta v: | 2804 m/s | |
Apollo CSM Diagramm | ||
CSM mat Rettungstuerm (NASA) | ||
North American Apollo CSM |
D'Apollo-Raumschëff gouf am Kader vum Apollo-Programm vun North American Aviation entwéckelt. Et besteet aus zwou Komponenten: dem Kommandomodul (CM) an dem Servicemodul (SM). D'Kombinatioun (CSM) gouf eréischt kuerz virum erneiten Antrieden an d'Äerdatmosphär getrennt. Nëmmen de Kommandomodul mat den dräi Astronauten ass fir eng Waasserlandung am Mier ekipéiert.
Kommandomodul (CM)
ännerenDe Kommandomodul huet eng Mass vu 5.900 kg bei enger Héicht vun 3,23 m an engem Duerchmiesser vun 3,91 m.
Viischten Deel
ännerenAm viischten Deel si Stabiliséierungsfallschiermer an déi dräi grouss Haaptfallschiermer ënnerbruecht. Déi ginn eréischt nom Antrëtt beim Retour an d'Äerdatmosphär an enger Héicht vun 2,5 km op. Zwéi Schiermer gi fir eng sécher Landung um Mier duer. Beim Apollo 15 hat ee vun deenen dräi Schiermer versot, ouni datt et zu Schied oder Verletzunge koum. Weider sinn am ieweschte Beräich zwou Steierdüse vum Lagekontrollsystem fir den erneiten Antrëtt an d'Atmosphär, d'Kopplungssystem an d'Luk fir d'Moundlandefär ugemaach. Hei sinn och d'Antennen an d'Signalluuchte fir d'Biergung am Mier méi liicht ze maachen, a Ballongen, déi sech opblosen, fir am Fall, bei deem d'Kapsel mat der Spëtzt no ënne géif schwammen, déi nees opzeriichten.
Mëttelsten Deel
ännerenHei ass d'drockfest Kabinn fir d'Astronauten. Dora sinn d'Haaptinstrumententafele fir d'Kontroll an d'Steierung vum Raumschëff, d'Liewenserhalungssystemer an e puer Materialschief ënnerbruecht. Et gëtt fënnef kleng Fënsteren a säitlech d'Luk fir eran- an erauszeklammen. D'Liewenserhalungssystemer kontroléieren d'Kabinnenatmosphär an halen d'Temperatur bei 22 Grad. Wärend dem Fluch besteet si aus rengem Sauerstoff bei engem Drëttel vum Drock op der Äerd. Nëmmen an der Startphas gëtt, no de leedvollen Erkenntnesser aus der Katastroph mam Apollo 1, 40 % Stéckstoff bäigemëscht. U Bord si weiderhi Landkaarte vum Mound a vun der Äerd, Stärekaarte fir d'Navigatioun an Orbitkaarten fir all eenzel Missiounsphas.
Am CM war Plaz fir ungeféier 2 m³ pro Astronaut.
Heck
ännerenUm Heck vum CM sinn 10 weider Steierdüse vum Lagekontrollsystem fir den neien Antrëtt an d'Äerdatmosphär, den Dreifstoff dofir an och Helium- a Waassertanken ënnerbruecht.
Déi eenzel Apollo-Raumschëffer
ännerenBlock I | |||
---|---|---|---|
Serienummer | gebraucht fir | Startdatum | Verbleiw |
CSM-001 | Testgerät | méiglecherweis verschrott | |
CSM-002 | A-004 | 20. Januar 1966 | Kommandokapsel ausgestallt an der Cradle of Aviation, Long Island, New York |
CSM-004 | statesch Tester, Hëtzetester | verschrottet | |
CSM-006 | verschrott | ||
CSM-007 | verschidden Tester, ë. a. akustesch Vibratiounen a Faaltester | Kommandokapsel ausgestallt am Museum of Flight, Seattle, Washington | |
CSM-008 | fir Hëtzt- a Vakuumtester | verschrott | |
CSM-009 | AS-201 a Faaltester | 26. Februar 1966 | Kommandokapsel ausgestallt am Strategic Air & Space Museum, Ashland, Nebraska |
CSM-010 | Kommandokapsel ausgestallt am U.S. Space & Rocket Center, Huntsville, Alabama | ||
CSM-011 | AS-202 | 25. August 1966 | Kommandokapsel ausgestallt am National Air & Space Museum, Washington D.C. |
CSM-012 | Apollo 1; Kommandokapsel duerch Feier zerstéiert | Kommandokapsel am Langley Research Center, Hampton, Virginia | |
CSM-014 | Kommandokapsel demontéiert am Kader vun der Apollo-1-Ënnersichung. Service Module (SM-014) geflunn mat Apollo 6 | 4. Abrëll 1968 | |
CSM-017 | Apollo 4 | 9. November 1967 | Kommandokapsel ausgestallt am Stennis Space Center, Bay St. Louis, Mississippi |
CSM-020 | CM-020 gouf zesumme mat SM-014 fir Apollo 6 gebraucht, nodeem SM-020 duerch eng Explosioun zerstéiert gouf | 4. Abrëll 1968 | Kommandokapsel ausgestallt am Fernbank Science Center, Atlanta |
Block II | |||
Serienummer | gebraucht fir | Startdatum | Verbleiw |
CSM-098 | fir Hëtzt- a Vakuumtester | Raumschëff ausgestallt am Academy of Science Museum, Moskau (evtl. steet do awer och nëmmen ee Modell) | |
CSM-099 | Belaschtungstester | evtl. verschrott, vielläicht awer och zerluet am National Air & Space Museum, Washington D.C. | |
CSM-100 | Belaschtungstester | evtl. am National Air & Space Museum, Washington D.C. | |
CSM-101 | Apollo 7 | 11. Oktober 1968 | Kommandokapsel ausgestallt am National Museum of Science & Technology, Ottawa, Kanada |
CSM-102 | Testinstrument am Kennedy Space Center | evtl. am National Air and Space Museum, Washington D.C. | |
CSM-103 | Apollo 8 | 21. Dezember 1968 | Kommandokapsel ausgestallt am Museum of Science and Industry zu Chicago |
CSM-104
Gumdrop |
Apollo 9 | 3. Mäerz 1969 | Kommandokapsel ausgestallt am San Diego Aerospace Museum |
CSM-105 | Vibratiounstester an Demonstratioun fir Apollo-Sojus-Projet | Kommandokapsel ausgestallt am National Air and Space Museum, Washington D.C. als Apollo-Sojus-Projet | |
CSM-106
Charlie Brown |
Apollo 10 | 18. Mee 1969 | Kommandokapsel ausgestallt am Science Museum, London |
CSM-107
Columbia |
Apollo 11 | 16. Juli 1969 | Kommandokapsel ausgestallt am National Air & Space Museum, Washington D.C. |
CSM-108
Yankee Clipper |
Apollo 12 | 14. November 1969 | Kommandokapsel ausgestallt am Virginia Air & Space Center, Hampton, Virginia |
CSM-109
Odyssey |
Apollo 13 | 11. Abrëll 1970 | Kommandokapsel ausgestallt am Kansas Cosmosphere and Space Center |
CSM-110
Kitty Hawk |
Apollo 14 | 31. Januar 1971 | Kommandokapsel ausgestallt am United States Astronaut Hall of Fame, Titusville, Florida |
CSM-111 | Apollo-Sojus-Projet | 15. Juli 1975 | Kommandokapsel ausgestallt am Kennedy Space Center Visitor's Complex |
CSM-112
Endeavour |
Apollo 15 | 26. Juli 1971 | Kommandokapsel ausgestallt am National Museum of the United States Air Force, Wright-Patterson Air Force Base, Dayton, Ohio |
CSM-113
Casper |
Apollo 16 | 16. Abrëll 1972 | Kommandokapsel ausgestallt am U.S. Space & Rocket Center, Huntsville, Alabama |
CSM-114
America |
Apollo 17 | 7. Dezember 1972 | Kommandokapsel ausgestallt am Lyndon B. Johnson Space Center, Houston, Texas |
CSM-115 | - | Net fäerdeg gestallt. Ausgestallt als Deel vun der Saturn V am Lyndon B. Johnson Space Center, Houston | |
CSM-115a | - | net fäerdeg gestallt | |
CSM-116 | Skylab 2 | 25. Mee 1973 | Kommandokapsel ausgestallt am National Museum of Naval Aviation, Pensacola, Florida |
CSM-117 | Skylab 3 | 28. Juli 1973 | Kommandokapsel ausgestallt am Glenn Research Center, Cleveland, Ohio |
CSM-118 | Skylab 4 | 16. November 1973 | Kommandokapsel ausgestallt am National Air & Space Museum, Washington D.C. |
CSM-119 | Bereet gehalen als Rettungsraumschëff fir de Skylab an als Reserve fir d'Apollo-Sojus-Projet | Ausgestallt am Kennedy Space Center |
Um Spaweck
ännerenCommons: Apollo (Raumschëff) – Biller, Videoen oder Audiodateien |