Mier
![]() |
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Mier ass d'Gewässer dat ronderëm d'Kontinenter fléisst. 70 % vun der Äerd si vu Mierer bedeckt.
Salzgehalt vum MierwaasserÄnneren
D'Mierwaasser ass salzeg, well Mineraler dra sinn, déi am Laf vun Joermillioune vun de Flëss an d'Mier transportéiert goufen. Dat heefegst Salz am Mier ass den Natriumchlorid. Mä et fënnt een och aner léislech Mineraler, wéi z. B. Sulfat, Calcium a Magnesium. Den normale Salzgehalt vum Mier läit bei 3,5 %.
De Buedem vum MierÄnneren
De Buedem vun de Mierer besteet aus Bierger, déi bei wäitem méi grouss sinn wéi déi op der Landuewerfläch. Si gi mëttelozeanesche Réck genannt. Hei quëllt Magma aus der Äerd eraus an erstarrt. Sou entsteet neie Mieresbuedem. Duerch déi Vergréisserung vum Mieresbuedem ginn d'Vulkaner, déi iwwer den Hot Spots entstane sinn, ëmmer méi wäit ewech vun hire Magmaquellen an erläschen. Mat der Zäit gi si ofgedroen a verschwannen zréck am Mier. Déi bis ënner de Mieresbuedem ofgedroe Vulkaner bilden Ënnerwaasserbierger.
Déi verschidde MiererÄnneren
Et ënnerscheet ee follgend Ozeaner:
- den Arkteschen Ozean (Nordpolarmier)
- den Atlanteschen Ozean (Atlantik)
- den Indeschen Ozean (Indik)
- de Pazifeschen Ozean (Pazifik)
- de Südlechen Ozean (Südpolarmeer)
an hir Niewemierer. Zu hinne gehéieren ënner anerem:
- d'Chineesescht Mier
- d'Japanescht Mier
- d'Karibescht Mier
- d'Nordmier (oder -séi)
- d'Baltescht Mier (Ostséi)
- d'Mëttelmier
- d'Schwaarzt Mier
- d'Rout Mier
- d'Gielt Mier
Déi fënnef gréisst MiererÄnneren
Numm vum Mier | Fläch (km²) | Duerschnëttlech Déift (m) |
---|---|---|
Pazifik | 166.229.000 | 4.028 |
Atlantik | 86.551.000 | 3.926 |
Indeschen Ozean | 73.422.000 | 3.963 |
Nordpolarmier | 13.223.000 | 1.205 |
Südchinesescht Mier | 2.975.000 | 1.652 |
Um SpaweckÄnneren
Commons: Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien |