Lyndon B. Johnson Space Center

De Lyndon B. Johnson Space Center (JSC) koordinéiert zanter 1961 de bemannte Raumfaartprogramm vun den USA. Et steet zu Houston an Texas an ass eng Ariichtung vun der NASA.

Eng Loftfoto vum Johnson Space Center

De JSC logéiert de Mission Control Center (MCC) – de Funk-Ruffnumm ass "Houston", de Sëtz vum JSC –, vun deem zanter Gemini 4 am Juni 1965 all bemannt Raumflich geleet ginn. Virdrun louch d'Féierung beim Langley Research Center a Virginia, wou zanter November 1958 déi sougenannt Space Task Group ënnerbruecht war. Déi mat der Duerchféierung vum Mercury-Programm beoptraagt.

Haut gi vum MCC aus d'Flich op d'Internationaler Raumstatioun ISS iwwerwaacht. Ausserdeem ass um JSC den Ausbildungszentrum vun den US-Astronauten. Am Ganze ginn um 655 Hektar groussen Areal méi wéi 14.000 Mataarbechter beschäftegt.

Geschicht änneren

Wéi den US-President John F. Kennedy am Mee 1961 dat nationaalt Zil uginn hat, datt bannent engem Joerzéngt e Mënsch op de Mound geschéckt an nees sécher op d'Äerd zeréckbruecht soll ginn, huet d'NASA no enger Plaz fir en neien Zentrum gesicht. E sollt den Apollo-Programm vun der NASA bëndelen a koordinéieren.

Am August 1961 beoptraagt den NASA-Chef James E. Webb eng Grupp vu véier Leit ënner der Leedung vum John F. Parsons mat der Auswiel vum passenden Areal fir d'Space Task Group. 23 Plaze goufe bestëmmt a wärend enger Inspektiounsrees vun zwou Woche besicht. Duerno waren nach néng Gebidder an der Auswiel.

De Parsons-Team hat d'MacDill Air Force Base zu Tampa a Florida favoriséiert. Houston an e Materialdepot zu Benicia a Kalifornien ware weider interessant Plazen. Wéi d'US-Air Force hir MacDill-Basis awer net, wéi ufanks gewollt, zougemaach hat, ass d'Wiel fir den neien NASA-Zentrum op Houston gefall a gouf vum Direkter Webb den 19. September 1961 bekannt ginn. Nëmmen dräi Deeg méi spéit sinn déi éischt Vertrieder vun der US-Raumfaartagentur an Texas gereest.

Als Grënnungsdatum vum Manned Spacecraft Center (MSC), wéi de JSC ufanks genannt gouf, gëllt de 24. Oktober 1961. Op deem Dag hat eng kleng NASA-Delegatioun e puer Raimlechkeeten – am Gulfgate Shopping Center am Oste vun der Stad bezunn. Houston war iwwer d'Entscheedung vun der NASA, hiren neien Zenter an der texanescher Metropol unzesidelen, sou begeeschtert, datt Firmen aus der Uertschaft déi Raim gratis als Büroen ëmgebaut hunn. Verschidde Stewardesse vun de Continental Airlines goufe souguer als Empfanksdammen ausgeléint.

 
E Bléck an de Shuttle-Kontrollraum

Den MSC gouf op engem onbenotzten Terrain opgeriicht, deen d'Rice University der NASA geschenkt hat. Virdru si Ranner op dem 400 Hektar groussen Areal gelaf. Den Terain läit am Südoste vu Houston, am Bezierk Clear Lake. Donieft hat d'NASA nach en 240-Hektar groussen Terrain kaaft, fir eng direkt Verbindung mat der Autobunn ze hunn. Zesumme mam Terrain vun enger aler Pëtrolsexploitation huet dat Ganzt elo 655 Hektar.

Fir séier Aarbechter op Houston ëmzesidelen a mat der Aarbecht unzefänken, wärend op dem neien Areal den MSC opgeriicht gouf, gouf eng hallef Dose Büroen a Gebaier vu Firme gelount. Sou goufen d'Studioe vun der Universitéit Houston ëmfunktionéiert, do wou virdrun intern TV-Programmer produzéiert goufen, war elo eng Computerzentral an de Maschinnepark koum bei enger Gedrénksfirma ënner. Déi meescht Mataarbechter goufen an de Brake vum alen Air-Force-Fluchfeld Ellington Field aquartéiert. Fir sech erëmzefannen, hu si op Pläng, déi verschidde provisoresch Standplazen agedroen.

Den MSC huet säi Betrib den 1. Mäerz 1962 opgeholl. No engem knappse Joer, déi de Konstruktiounsbüro fir d'Entwërf gebraucht hat, goufen am Dezember 1962 d'Opträg fir de Bau vun den eelef Gebaier verginn. Am Ganze stoungen der NASA 60 Milliounen US-Dollar am éischte Joer fir den MSC zur Dispositioun. No engem Joer waren déi nei Gebaier fäerdeg an 2.100 NASA-Mataarbechter sinn erageplënnert.

Eleng de Bau vum MCC hat ëmgerechent 2,7 Milliarden Euro kascht.

De 17. Februar 1973 krut den MSC zu Éiere vum fréieren US-President Lyndon B. Johnson säin haitegen Numm.

Leeder vum JSC änneren

De JSC gouf a senger Geschicht geleet vun:

  1. November 1961–Januar 1972: Robert Gilruth
  2. Januar 1972–August 1982: Christopher C. Kraft
  3. August 1982–Januar 1986: Gerald D. Griffin
  4. Januar 1986–Oktober 1986: Jesse Moore
  5. Oktober 1986–August 1993: Aaron Cohen
  6. August 1993–Januar 1994 (kommissaresch): Paul Weitz
  7. Januar 1994–August 1995: Carolyn Huntoon
  8. Januar 1996–Februar 2001: George Abbey
  9. Februar 2001–Mäerz 2002 (kommissaresch): Roy Estess
  10. Mäerz 2002–November 2005: Jefferson Howell
  11. November 2005-Januar 2013: Michael Coats
  12. vum Januar 2013 un: Ellen Ochoa

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Lyndon B. Johnson Space Center – Biller, Videoen oder Audiodateien