Dreifstoff
En Dreifstoff oder Kraaftstoff ass e Brennstoff, deem seng cheemesch Energie duerch Verbrennung, an thermesche Motore wéi Verbrennungsmotoren, Gasturbinnen, oder a Rakéitendreifwierker a mechanesch Energie ëmgewandelt gëtt.
Dreifstoffer ginn haaptsächlech fir den Undriff vu Fortbeweegungsmëttelen (Auto, Fliger, Schëff, Rakéit) gebraucht. Well si ëmmer musse matgefouert ginn, gi meeschtens Stoffer mat enger héijer Energiedicht agesat. Awer och stationär Verbrennungsmotore ginn dermat bedriwwen.
Bei der Verbrennung gëtt als Oxidater meeschtens Loft-Sauerstoff gebraucht, deels, virun allem bei Rakéiten, awer och en eegenen Oxidater wéi verflëssegte Sauerstoff, Laachgas oder Salpéitersaier.
Nomenklatur
ännerenD'Ofgrenzung vum Begrëff Kraaftstoff zum Begrëff Dreifstoff ass net duerchgängeg eenheetlech gereegelt:
- Als Kraaftstoff gëtt normalerweis e Stoff bezeechent, dee fir eng direkt Verbrennung an enger Verbrennungskraaftmaschinn benotzt gëtt. Besonnesch gängeg ass de Begrëff am Beräich vun der Kraaftgefiertechnik.
- Als Dreifstoff gëtt normalerweis e Stoff bezeechent, dee fir den Undriff vun engem Fortbeweegungsmëttel, méi rar och enger stationärer Maschinn, gebraucht gëtt. Besonnesch gängeg ass de Begrëff Dreifstoff am Beräich vun der Schëfffaart an der Loft- a Raumfaart.
Net als Kraaftstoff bezeechent ginn normalerweis Stoffer, déi zwar als Energiedréier fir en Undriff déngen, bei deenen awer keng cheemesch Energie fräigesat gëtt, z. B. Waasser fir eng Waasserturbin oder Uran fir de Kärreakter vun engem Nuklearundriff.
Aarte vu Kraaft- resp. Dreifstoffer
ännerenFlësseg
änneren- Kerosin, Motorpëtrol respektiv Pëtrol
- Bensinn
- Zweetaktgemësch
- Bensinn-Benzol-Gemësch)
- Diesel
- Biodiesel
- XtL-Kraaftstoffer, dorënner GtL-Kraaftstoff (Gas-to-Liquid), BtL-Kraaftstoff (Biomass-to-Liquid) a CtL-Kraaftstoff (Bsp.: Däitsche syntheetesche Bensinn (Coal-to-Liquid))
- Emulsiounskraaftstoff (meeschtens Waasser an Diesel, fir d'Ëmweltverbesserung duerch Temperaturofsenkung)
- Liichtbensin
- Alkylatbensin
- Ethanol-Kraaftstoff, dorënner Bioethanol an Cellulose-Ethanol
- Butanol, dorënner Biobutanol
- Flëssegäerdgas (och: LNG Liquified Natural Gas)
- Flësseggas (Propan/Butan-Gemësch, och: Autogas oder LPG resp. Liquified Petroleum Gas)
- Methanol
- Planzenueleg
- Schwéierueleg
- Benzol
- Gasueleg
Gasfërmeg
änneren- Äerdgas – och: Methan, CNG (Compressed Natural Gas) oder LNG (Liquid Natural Gas)
- Kompogas
- Biogas
- Methan - och: Äerdgas, dorënner Biomethan
- Ethan
- Dimethylether
- Waasserstoff, dorënner Biowaasserstoff
- Holzgas
- Deponiegas
- Blaugas, een nom Cheemiker Hermann Blau benannte Gas, deen dem Flësseggas geglach huet (kuckt Opdriffsausgläich fir Loftschëffer)
Fest
änneren- Festbrennstoffer (zum Beispill fir Undriffer vu Feststoffrakéiten)
Methode fir d'Hierstelle vu Kraaftstoffer
änneren- Kuelevergasung
- Holzvergasung
- Elektrolyse (fir Waasserstoffhierstellung)
- Steam-Reforming fir d'Hierstellung vu Waasserstoff aus Kuelewasserstoffer, wéi beispillsweis Biomass
- Äerduelegraffinerie
- Kueleverflëssegung
- Gas-to-Liquids
- Alkoholesch Gärung
- Uelegmillen
- Methanolsynthees aus Äerdgas resp. Syntheesgasen oder aus recycléiertem CO2 a Kombinatioun mat Waasser, kuckt Methanolwirtschaft
- Fraktionéiert Distillatioun
- Biogasopbereedung
Verglach vu Kraaftstoffer
ännerenD'Reechwäit vun engem Gefier gëtt nieft dem Wierkungsgrad vu sengen Aggregaten ë. a. de Volume vum Tank an déi dodra gespäichert Energie bestëmmt. De physikalesche Verglach vun den Hëtzwäerter (kWh pro m³) weist, datt flësseg Dreifstoffer optimal sinn. Bei Gasen hänkt den Energiegehalt staark vum Drock of.
Numm | Aggregatzoustand | Dicht an kg/m³ |
Heizwäert a kWh/kg |
Heizwäert pro Volumeneenheeten |
---|---|---|---|---|
Waasserstoff | gasfërmeg (Normaldrock) | 0,09 | 37,0 | 3,3 kWh/m³ |
Waasserstoff | gasfërmeg (20 MPa) | 37,0 | 530 kWh/m³ | |
Waasserstoff | flësseg (-253 °C) | 67,8 | 37,0 | 2360 kWh/m³ |
Äerdgas H-Gas (CNG/GNV) | gasfërmeg (Normaldrock) | 0,81 | 13,0 | 10,5 kWh/m³ |
Äerdgas L-Gas (CNG/GNV) | gasfërmeg (Normaldrock) | 0,82 | 11,3 | 9,3 kWh/m³ |
Äerdgas | gasfërmeg (20 MPa) | 12,0 | 2580 kWh/m³ | |
Autogas („Flësseggas”) | flësseg | 540 | 12,8 | 6966 kWh/m³ |
Superbensin | flësseg | 740 | 12,0 | 8760 kWh/m³ |
Methanol | flësseg | 787 | 6,11 | 4800 kWh/m³ |
Ethanol | flësseg | 789 | 7,44 | 5900 kWh/m³ |
Bensinn-Benzol-Gemësch | flësseg | 796 | 11,6 | 9300 kWh/m³ |
Diesel | flësseg | 833 | 11,8 | 9800 kWh/m³ |
Benzol | flësseg | 880 | 11,1 | 9760 kWh/m³ |
Planzenueleg | flësseg | 920 | 10,0 | [1] | 9200 kWh/m³
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- K. Griesbaum, D. Hönicke: Kraftstoffe der Zukunft, Chemie in unserer Zeit, 14. Jahrg. 1980, Nr. 3, S. 90-101, ISSN 0009-2851
- Sven Geitmann: Alternative Kraftstoffe – Womit fahre ich am besten? Hydrogeit Verlag, Oberkrämer, November 2010, ISBN 9783937863153
Um Spaweck
änneren- Alternative Kraftstoffe Lëscht vun de Vir- & Nodeeler vu erneierbaren Energien
- Infoportal für Biokraftstoffe Informatioune vun Alternativ-Kraaftstoffer an Ëmrëschtungen
- https://web.archive.org/web/20141220004413/http://www.kraftstoffweb.de/ Eine Graphik, die die Kosten für Normal- / Superbensin, Diesel an Autogas géigeniwwer gestallt
- Spuersam an nohalteg mat Kraaftstoffer ëmgoen
- International Fuel Prices 2009 Informatiounen iwwer Bensinns- an Dieselpräisser a méi wéi 170 Länner souwéi iwwer d'Prinzipie vun der Kraaftstoffbesteierung
Referenzen
änneren- ↑ DIN 51605 – Rapsuelegkraaftstoff“