Virginia
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Virginia | |||||
| |||||
Spëtznumm: Old Dominion; Mother of Presidents | |||||
![]() Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
Haaptstad: | Richmond | ||||
Gréisst Stad: | Virginia Beach | ||||
Gouverneur: | Ralph Northam (D) | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 31. Plaz 110.785,67 km² 7,4 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 12. Plaz 8.001.024 (Est. 2010) 72,21/km² | ||||
Opgeholl als Memberstaat: | 25. Juni 1788 (10ten) | ||||
Zäitzon: | UTC-5/-4 |
Virginia, offiziell Commonwealth of Virginia, ass ee vun de 50 Bundesstaate vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
GeschichtÄnneren
Virginia ass 1607 als brittesch Kolonie gegrënnt ginn. Am selwechte Joer gouf do och déi éischt permanent englesch Siidlung, Jamestown, gegrënnt.
D'Meenunge ginn ausernee vu wou den Numm Virginia hierkënnt. Déi eng soen et wier zu Éiere vun der Kinnigin Elizabeth I. vun England, si war net bestuet an hat och keng Kanner, dofir hire Bäinumm "Virgin Queen", déi aner menge Virginia wier eng Verballhornung vun engem Indianerwuert "Wingandacoa" oder och "Wingina".
Wärend dem Amerikanesche Biergerkrich hu sech d'Bewunner am Weste vu Virginia zesumme gedoen an hiren eegene Staat gegrënnt: West Virginia. De Rescht ass loyal zu de Konfederéierte Staate vun Amerika bliwwen. Richmond gouf souguer als d'Haaptstad vun dëser neier Natioun erkläert. Duerch d'Besetzung vum Norde goungen nach aner Plazen u West Virginia verluer. Am Januar 1870, bal 5 Joer nom Enn vum Biergerkrich, gouf Virginia rëm als Staat an d'Union opgeholl.
GeographieÄnneren
Situatioun an TopographieÄnneren
Virginia läit um Atlantik, mat enger Grenz am Süden zu North Carolina an Tennessee, am Westen zu Kentucky a West Virginia, an am Norden, duerch de Potomac River getrennt, zu Maryland an dem District of Columbia. Duerch de westlechen Deel vum Staat verlafen d'Appalachen.
Gréisst StiedÄnneren
PolitikÄnneren
DemographieÄnneren
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Virginia – Biller, Videoen oder Audiodateien |