Joseph Beffort

lëtzebuergeschen Editeur

De Joseph Beffort, gebuer den 29. Januar 1845 am Pafendall[1] a gestuerwen de 7. November 1923 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergeschen Typograph, Drécker, Editeur a Buchhändler.

Joseph Beffort
Gebuer 29. Januar 1845
Pafendall
Gestuerwen 7. November 1923
Lëtzebuerg
Aktivitéit Editeur, Typograph, Drécker, Libraire

Hie war vun 1869 u Besëtzer vun der Imprimerie Joris um Krautmaart mat der hien 1889 op d'Place d'Armes geplënnert ass. An dëser Dréckerei goufen ënner anerem d'Luxemburger Volkszeitung, den Echo de l'Industrie, L'Indépendance luxembourgeoise, Ardenner Bauer a Floréal gedréckt.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Luxroots: www.Luxroots.org.
  2. L'Indépendance luxembourgeoise 1923-11-08, N° 312, Édition de midi, p. 4 (Avis mortuaire).