Lëtzebuergesch UNESCO-Kommissioun

Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Grond: vrschidden Datummer an Aussoe passen net

Déi Lëtzebuergesch Unesco-Kommissioun, offiziell Commission nationale pour la Coopération avec l'Unesco, ass déi Nationalkommissioun fir Lëtzebuerg am Sënn vum Artikel VII vun der Unesco-Verfassung[1]. Si huet hire Sëtz am Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg[2].

De Logo vun der Unesco
D'Simone Beck, Presidentin vun der lëtzebuergescher Unesco-Kommissioun

D'Grënnung vun der lëtzebuergescher Unesco-Kommissioun gouf den 22. Juli 1949 duerch groussherzogleche Beschloss decidéiert. De 15. Dezember 1949,[3], gutt zwee Joer nodeems Lëtzebuerg per Gesetz der UNESCO bäigetrueden ass[4], gouf d'Kommissioun feierlech ageweit. Eischte President war den Historiker Albert Calmes.[5] Si war zënter hirer Grënnung beim Educatiounsministère, bis si am Joer 2001 dem Kulturministère rattachéiert gouf.

Am Dezember 2014 gouf déi Lëtzebuergesch Unesco-Kommissioun op en Neits gegrënnt, an am entspriechende groussherzogleche Reglement sinn d'Ziler am Detail festgeluecht ginn[6]. Haaptzil ass d'Ëmsetze vu Programmer a Projete vun der Unesco zu Lëtzebuerg.

Déi Lëtzebuergesch Unesco-Kommissioun zielt 26 effektiv Memberen, déi iwwer ministeriellen Arrêté fir e Mandat vu 4 Joer bestëmmt ginn. Presidentin ass zënter September 2015[7] d'Historikerin Simone Beck[8], d'Catherine Decker[9] ass Generalsekretärin.

D'UNESCO huet 195 Memberstaaten (Stand: 2012), déi national Unesco-Kommissiounen ageriicht hunn. D'Nationalkommissioune vun der Unesco bilden e speziellt Netzwierk am System vun de Vereenten Natiounen, fir d'Ziler vun der Unesco an hire Memberstaaten ze fërderen an an d'Praxis ëmzesetzen. Si bezéien d'Forces vives aus de jeeweilege Länner, déi mat Bildung, Wëssenschaft, Kultur a Kommunikatioun ze dinn hunn, mat a d'Planung, d'Ëmsetzung an d'Evaluatioun vum breet ugeluechten Unesco-Programm an.

Presidente vun der Kommissioun änneren

Datum President
1949 - ? Albert Calmes[10]
...
1984 - 2015 Jean-Pierre Kraemer
Juli 2015 - Simone Beck

Literatur änneren

  • Anonyme, 1947. Loi du 25 juillet 1947 ayant pour objet l'approbation de la Convention créant une organisation des Nations Unies pour l'Education, la Science et la Culture. Mémorial A n° 37: 735-741 du 02.08.1947.
  • Anonyme, 1949. Arrêté grand-ducal du 22 juillet 1949 portant institution d'une Commission nationale pour la Coopération avec l'Organisation des Nations-Unies pour l'Education, la Science et la Culture. Mémorial A n° 36: 878 du 06.08.1949.
  • Anonyme, 1959. Arrêté ministériel du 6 août 1959 relatif à la Commission Nationale pour la coopération avec l'Organisation des Nations-Unies pour l'Education, la Science et la Culture. Mémorial A n° 37: 956-957 du 18.08.1959
  • Anonyme, 2014. Règlement grand-ducal du 12 décembre 2014 portant institution d'une Commission nationale pour la coopération avec l'UNESCO. Mémorial A n° 233: 4482-4483 du 18.12.2014.
  • Genot, Gilles, Luxemburg in der UNESCO : Die Anfangsjahre (1943 bis ca. 1950), Hémecht (2019), p. 311-324, hei S. 321-322.
  • Wolf, Claude, 2015. Weltorganisation mit Lokalkolorit. UNESCO: Ein Rückblick und seine Luxemburger Auswirkungen. Tageblatt 267: 42-43 (16. November 2015).

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Acte constitutif du 16 novembre 1945, Article VII - Comités nationaux de coopération. (PDF): « 1° Chaque Etat Membre prendra les dispositions appropriées à sa situation particulière pour associer aux travaux de l´Organisation les principaux groupes nationaux qui s´intéressent aux problèmes d'éducation, de recherche scientifique et de culture, de préference en constituant une Commission nationale où seront représentés le Gouvernement et ces différents groupes. »
  2. Commission nationale pour la coopération avec l'UNESCO / Ministère de la Culture / 4, boulevard Roosevelt / L-2450 Luxembourg / Telefon (+352) 247-76620.
  3. Cf. Anonyme 1949 an der Literatur, an Genot, Luxemburg in der UNESCO, S. 321.
  4. Cf. Anonyme 1947 an der Literatur.
  5. Genot, Luxemburg in der UNESCO, S. 321.
  6. Cf. Anonyme 2014 an der Literatur.
  7. Cf. Wolf 2015: 43 an der Literatur.
  8. Virgänger war de Jean-Pierre Kraemer, President vun 1984 bis 2015.
  9. Virgänger war de Lex Langini, Generalsekretär vun Oktober 2011 bis September 2015.
  10. L'histoire de l'UNESCO op unesco.public.lu, gekuckt de 6. Juni 2020