Den 61 Cygni ass en Duebelstär am Stärebild Cygnus. 61 Cygni ass eelef Liichtjoer vun eiser Sonn ewech a gehéiert domat zu den 20 sonnennächste Fixstären. E ka scho mat enger Spektiv an Eenzelstären opgeléist ginn.

61 Cygni
Lag vum Stäresystem 61 Cygni am Stärebild Cygnus
Stärebild: Cygnus (Cyg)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 21h 06m 54s
Deklinatioun + 38° 44' 58"
Visuell Magnitude + 4,8 mag
Spektralklass: K5 V / K7 V
Astrometrie
Radialvitess: (−64,3 ± 0,9) km/s /
(−63,5 ± 0,9)
Parallax (287,18 ± 1,51) mas /
(285,47 ± 0,72)
Distanz 11,4 Lj
Exzentrizitéit 0,48 ± 0,03
Bunnschréi 54° ± 3°
Absolut Hellegkeet 7,49 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0,7 M☉ / 0,63 M☉
Radius: 0,72 R☉ / 0,67 R☉
Liichtkraaft: 0,0861 L☉ / 0,0405 L☉
Uewerflächentemperatur 4.350 K / 4.060 K
Metallizitéit -0,20 / -0,27
Aner Bezeechnungen
Flamsteed = 61 Cygni
BD1 = +38° 4343 / BD2 = +38° 4344
HD1 = 201091 / HD2 = 201092
HIP1 = 104214 / HIP2 = 104217
HR1 = 8085 / HR2 = 8086
SAO = 70919
TYC1 = 3168/2800/1 / TYC2 = 3168/2798/1
WDS = J21069+3845
ADS = 14636
Anerer: GJ 820 - Struve 2758 - LHS 62
V1803 Cygni - LHS 63

Den Haaptstär huet eng visuell Magnitude vu +5,21 mag a gehéiert zu der Spektralklass K5 V. Seng Bezeechnung a verschiddene Stärekatalogen ass HR 8085 an HD 201091.

De +6,03 mag helle Begleetstär gehéiert zu der Spektralklass K7 V. Seng Bezeechnunge sinn HD 201092 a BD +38° 4344.

Den 61 Cygni war deen éischte Fixstär, deem seng Distanz direkt duerch d'Bestëmmung vu senger Parallax gemooss gouf, an zwar an de Joren 1837 an 1838 vum Astronom Friedrich Wilhelm Bessel um Observatoire Königsberg. De Bessel hat sengerzäit berechent, „daß von diesem Sterne das Licht zu uns erst in 9¼ Jahren gelangt“. (Zitéiert nom Humboldt, Kosmos, S. 43, Eichborn-Edition 2004).

Seng Parallax ass 0,3″, de Bessel hat seng kleng Distanz wéinst der grousser Eegebeweegung vun iwwer 5″ pro Joer schonn ugeholl (kuckt och Schnellleefer).

Positioun vum 61 Cygni-Begleetstär
Joer Wénkelofstand Positiounswénkel
1990 29,7 148 Grad
2010 30,8″ 152 Grad
Verglach vun de Gréissten tëscht der Sonn, 61 Cygni A (ënnen) an 61 Cygni B (uewen)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren