6. Arrondissement vu Paräis

Stadbezierk vu Paräis


De 6. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement du Luxembourg ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. D'Originne vum Arrondissement ginn zeréck op déi éischt réimesch Siidlungen um lénksen Uwänner vun der Seine. D'Extensioun a Richtung Süden, vum Floss ewech, huet sech eréischt am 19. Joerhonnert entwéckelt.

6. Arrondissement vu Paräis
Quartieren Monnaie,
Odéon,
Notre-Dame-des-Champs,
Saint-Germain-des-Prés
Buergermeeschter Jean-Pierre Lecoq
Awunner 40.209
Fläch 2,15 km²
Postcode 75006
INSEE-Code 75106
Koordinaten 48°51'1,91"N, 2°19'56,04"O

D'„Liewensoder“ vum 6. Arrondissement ass de Boulevard Saint-Germain, dee grad wéi de Quartier no der Kierch Saint-Germain-des-Prés genannt ass.

Saint-Germain-des-Prés änneren

Saint-Germain-des-Prés ass de legendäre Quartier vun de Kënschtler a Literaten dee säin Héichpunkt an den 1920er Joren hat an am Mee 1968 am Bléckpunkt vun de gesellschaftspoliteschen Evenementer stoung. Hei fënnt een elo Caféen, Restauranten, Boutiquen, Librairien, Galerien, asw.

De 6. Arrondissement ass eng Aart Fortsetzung vum Quartier latin a gëllt als dat Wëssenschafts - a Kulturvéierel.

D'Kierch Saint-Germain-des-Prés ass déi eelst zu Paräis. Op Nummer 42 an der Rue Bonaparte hat sech de Philosoph Jean-Paul Sartre eng Wunneng kaaft. De Pablo Picasso huet vun 1937 bis 1947 an der Rue des Grands-Augustins gewunnt. Am Palais du Luxembourg, deen ëm 1620 fir d'Marie de Médicis, der Wittfra vum Henri IV., gebaut gouf, ass haut de Senat, déi iewescht Chamber vum franséische Parlament. De Jardin du Luxembourg ass och ënner Studenten e beléiften Treffpunkt.

Geographesch Lag änneren

De 6. Arrondissement läit direkt um lénksen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten un de 5., am Süden un de 14., an am Westen un de 15. an de 7. Arrondissement. Op der aner Säit vum Floss läit den 1. Arrondissement, mat der westlecher Spëtzt vun der Île de la Cité.

Quartieren änneren

Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:

  • 21. Quartier de la Monnaie
  • 22. Quartier de l'Odéon
  • 23. Quartier Notre-Dame-des-Champs
  • 24. Quartier Saint-Germain-des-Prés

Biller änneren

Kuckeswäertes änneren

Kleng Auswiel:

Um Spaweck änneren

Commons: 6. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren