5. Arrondissement vu Paräis

ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis


De 5. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement du Panthéon) ass den eelste vun den zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. Seng Originne ginn op Lutetia zeréck, déi antick réimesch Uertschaft, aus där méi spéit Paräis entstanen ass.

5. Arrondissement vu Paräis
Quartieren Saint-Victor,
Jardin-des-Plantes,
Val-de-Grâce,
Sorbonne
Buergermeeschter Florence Berthout
Awunner 56.841
Fläch 2,54 km²
Postcode 75005
INSEE-Code 75105
Koordinaten 48°50'50"N, 2°20'40"O

De 5. Arrondissement begräift de gréissten Deel vum Quartier latin, dem traditionelle Studentequartier.

Geographesch Lag änneren

De 5. Arrondissement läit um lénksen Uwänner vun der Seine. Op der aner Säit vum Floss, am Norden, grenzt en un de 4., am Westen un de 6., am Süden un de 14. an am Osten un den 13. Arrondissement.

Quartieren änneren

Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:

  • 17. Quartier Saint-Victor
  • 18. Quartier du Jardin des Plantes
  • 19. Quartier du Val-de-Grâce
  • 20. Quartier de la Sorbonne

Biller änneren

Kuckeswäertes änneren

Kleng Auswiel:

Um Spaweck änneren

Commons: 5. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren