D'franséischt Parlament (frs: parlement français) ass d'Legislativ vu Frankräich. Et ass en Zweekummerparlament a setzt sech zesummen aus zwou Chamberen:

All Chamber hält hir eege Sessiounen op verschiddene Plazen a Paräis; d'Nationalversammlung am Palais Bourbon an de Senat am Palais du Luxembourg. All Chamber huet hir eege Reegelen a Prozeduren.

Déi rar gemeinsam Sëtzunge vun der Nationalversammlung an dem Senat, dem sougenannte Kongress vum franséische Parlament, ginn traditionell am Schlass vu Versailles gehalen. Dat geschitt zum Beispill, wann d'Verfassung geännert soll ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Franséischt Parlament – Biller, Videoen oder Audiodateien