En Zweekummersystem, och Zweekummerparlament oder Bikameralismus genannt, ass e politesche System bei deem d'Parlament an zwou Chamberen (oder Kummeren, Haiser) gedeelt ass: déi éischt Chamber ("héich Chamber" oder "Uewerhaus") an déi zweet Chamber ("niddreg Chamber" oder "Ënnerhaus"). Zil vun deem System ass et, d'Muecht vun der éischter Chamber, där hir Memberen direkt gewielt ginn an domat direkt d'Vollek vertrieden, ze reduzéieren andeems all Entscheedung vun der zweeter Chamber muss examinéiert ginn. D'Membere vun dëser zweeter Chamber gi generell iwwer indirekt Wale gewielt a representéieren dacks Departementer, Regiounen oder Staaten.

██ Natioune mam Zweekummersystem.██ Natioune mam Eekummersystem.██ Keng Legislatur.

Den Zweekummersystem ass et an England schonn am Mëttelalter ginn. De Montesquieu huet 1748 d'Divisioun vum legislative Pouvoir theoreetiséiert.

Ënner dem Zweekummersystem gëtt am klassesche Konstitutionalismus vum 19. Joerhonnert de Grondsaz verstanen, datt d'Parlament aus zwou verschiddene Kummere bestoë soll, déi opgrond vun hirer ënnerschiddlecher Struktur e politescht Gläichgewiicht bei der Gesetzgiewung garantéiere sollen. Déi eng Kummer ass entweeder d'"Versammlung vun den Notabelen", vum Adel, vum Klerus (brittescht Uewerhaus, House of Lords), oder si ass an der Form vun engem Senat eng méi oder manner paritätesch "Vertriedung vun de Beruffsstänn" inklusiv Konscht a Wëssenschaft.

An enger Federatioun fënnt ee bal ëmmer e bikamerale Repräsentatiounssystem. Eng Chamber representéiert do d'Bevëlkerung, déi aner d'federal Entitéiten (amerikanesche Senat, Ständerat an der Schwäiz, Bundesrat an Éisträich). Den däitsche Bundesrot vun der Keeserzäit an an der Bundesrepublik Däitschland war respektiv ass keng parlamentaresch Kummer.

Déi aner Kummer besteet am Allgemengen aus de Volleksvertrieder, déi aus fräie Walen erausgaange sinn (z. B. Preisesch Chamber, Assemblée nationale a Frankräich). Ursprénglech waren déi zwou Kummere gläichberechtegt, an deem Sënn datt déi zwou hu missen engem neie Gesetz zoustëmmen. Am 20. Joerhonnert ass de Schwéierpunkt op d'Vollekskummer gefall an a ville Staaten huet sech en Eekummersystem duerchgesat. Lëtzebuerg zum Beispill huet e monokamerale System, mee déi dräi Nopeschlänner Belsch, Däitschland a Frankräich funktionéieren no engem bikameral System.

Kritiséiere kann een den Zweekummersystem dodran, datt en eng flexibel Politik bremse kann, wann eng Kummer déi aner permanent blockéiere kann, wat bei ënnerschiddlecher politescher Dominanz vun de Kummeren de Fall ass.

Kuckt och änneren