1. Arrondissement vu Paräis
ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis
Den 1. Arrondissement (och nach (fr) Arrondissement du Louvre) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. E läit zentral am historeschen Häerz vu Paräis an ëmfaasst ënner anerem eent vun den eelste Quartiere vun der Stad, de Quartier des Halles, deen aus dem fréie Mëttelalter staamt.
![]() | |
![]() De Jardin des Tuileries | |
Quartieren |
Saint-Germain-l'Auxerrois, Halles, Palais-Royal, Place-Vendôme |
---|---|
Buergermeeschter | Jean-François Legaret |
Awunner | 15.917 |
Fläch | 1,83 km² |
Postcode | 75001 |
INSEE-Code | 75101 |
Koordinaten | 48°51'35,81"N, 2°20'31,41"O |
![]() | |
Geographesch LagÄnneren
Den 1. Arrondissement grenzt am Süden un de 7. a 6., am Westen un den 8., am Norden un den 2. an am Osten un den 3. a 4. Arrondissement. Den 1. Arrondissement läit haaptsächlech um rietsen Uwänner vun der Seine, begräift awer och de westlechen Deel vun der Île de la Cité.
Mat enger Fläch vun 183 Hektar ass et de véiertklengsten Arrondissement vu Paräis.
QuartierenÄnneren
Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:
- 1 - Quartier Saint-Germain-l'Auxerrois
- 2 - Quartier des Halles
- 3 - Quartier du Palais-Royal
- 4 - Quartier de la Place Vendôme
BillerÄnneren
KuckeswäertesÄnneren
Kleng Auswiel:
Um SpaweckÄnneren
Commons: 1. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |