Abteikierch Saint-Germain-des-Prés

Saint-Germain-des-Prés ass déi fréier Abteikierch vum Klouschter Saint-Germain-des-Prés um Boulevard Saint-Germain, am 6. Arrondissement zu Paräis.

Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer eng Kierch oder Kapell. Wann der méi iwwer dëst Theema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Abteikierch Saint-Germain-des-Prés
Saint-Germain-des-Prés (2014)

Saint-Germain-des-Prés (2014)
Saint-Germain-des-Prés (2014)
Uertschaft / Plaz Paräis
Numm / Patréiner Hellegt Kräiz, Hellege Vincent
Baujoer 11. - 17. Joerhonnert
Koordinaten 48° 51’ 14’’ N
      02° 20’ 04’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch erënnert dodrun, datt de fränkesche Kinnek Childebert I. aus dem Geschlecht vun de Merowenger, e Jong vum Clovis I. hei am Joer 557 eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéit eng grouss Bedeitung krut.

De Portaltuerm vun der haiteger Kierch an déi ënnescht Beräicher vun de Kiercheschëffer stamen aus dem 11. Joerhonnert, de Chouer gouf am Joer 1163 vum Poopst Alexander II. ageweit. De Bau gouf bis zum 17. Joerhonnert e puermol ëmgebaut.

D'Wandmolereien um Kiercheschëff goufen am 19. Joerhonnert vum Hippolyte Flandrin geschaf.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Abteikierch Saint-Germain-des-Prés – Biller, Videoen oder Audiodateien