(9) Metis
Asteroid
Den (9) Metis ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen de 25. Abrëll 1848 vum Andrew Graham als néngten Asteroid entdeckt gouf. Den Numm bezitt sech op déi griichesch Gëttin Metis, d'Mamm vun der Athene.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptasteroidenceinture |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,3865 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,2195 |
Sideresch Ëmlafzäit | 3,6867 Joer |
Mëttel Bunnvitess | 19,2 km/s |
Inklinatioun | 5,5763 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 190 km |
Mass | ~9×1018 kg |
Mëttel Dicht | ~2,7 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 5,970 h |
Albedo | 0,139 |
Absolut Hellegkeet | 6,28 |
Spektralklass | S |
Entdeckung | |
Entdecker | Andrew Graham |
Entdeckungsdatum | 1848 |
Plaz | Markree Castle |
Aner Bezeechnungen | 1974 QU2 |
De Metis beweegt sech op engem Ofstand vun 2,0954 (Perihel) bis 2,6775 (Aphel) astronomesch Eenheeten, an 3,6867 Joer op enger exzentrescher Bunn ëm d'Sonn. D'Bunn huet eng Schréi vu 5,5763° géint d'Ekliptikt, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,2195.
De Metis huet en Duerchmiesser vun 190 km. Hie rotéiert a ronn 5 Stonnen ëm seng eegen Achs. D'Albedo ass 0,139. Wärend der Oppositioun erreecht de Metis eng Hellegkeet vun 9,1 mag an ass domat ee vun den hellsten Asteroiden um Himmel.
Den Asteroid huet eng onreegelméisseg Form.
Ausgesinn
ännerenStationär da réckleefeg |
Oppositioun | Opposition Distanz |
Oppositioun Hellegkeet |
Stationär da rechtleefeg |
Konjunktioun |
---|---|---|---|---|---|
19. Januar 2006 | 3. Mäerz 2006 | 1,35200AE | 9.1 mag | 20. Abrëll 2006 | 7. Juni 2005 |
4. Mee 2007 | 23. Juni 2007 | 1,64582AE | 9.7 mag | 13. August 2007 | 5. November 2006 |
24. September 2008 | 5. November 2008 | 1,13923AE | 8.4 mag | 19. Dezember 2008 | 15. Februar 2008 |