Andrew Graham
ireschen Astronom
Den Andrew Graham, gebuer den 8. Abrëll 1815, a gestuerwen de 5. November 1908 zu Cambridge, war en ireschen Astronom.
Andrew Graham | |
---|---|
Gebuer | 8. Abrëll 1815 |
Gestuerwen |
5. November 1908 Cambridge |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Astronom |
De 25. Abrëll 1848 entdeckt hien am Observatoire vu Markree Castle am County Sligo (Irland) den néngten Asteroid, Metis genannt.
Tëscht 1848 an 1856 entdeckt hien a säin Assistent aus Observatioune vum Meridian ronn 60.066 Stäre laanscht d'Ekliptik,vun deenen nëmmen 8965 schonn bestëmmt waren. Hire Katalog gouf a véier Bänn publizéiert. De Graham war en aussergewéinlechen Observateur, an hat d'Bunne vun 198 Koméite fir een, am Joer 1852, publizéiert Buch notéiert.
Um Spaweck
änneren- Roger Hutchins, Graham, Andrew (1815–1908), Oxford Dictionary of National Biography, Oxford University Press, 2004 gesinn den 18. Oktober 2011
- Publikatioune vum A. Graham am Astrophysics Data System