rechtleefeg a réckleefeg

(Virugeleet vu(n) Rechtleefeg)

Als rechtleefeg oder prograd (lat. pro = vir, vijenzeg, gradus = Schrëtt) bezeechent een an der Astronomie Objeten, déi an engem System dat rotéiert der Haaptrotatiounsrichtung noginn. Objeten, déi den anere Wee rotéieren, bezeechent een als réckleefeg oder retrograd (lat. retro = zeréck, hannerzeg).

D'Bezeechnunge gi fir ëmlafend Stäresystemer, Planéiten, Asteroiden a Koméite gebraucht, wéi och fir hir Mounden. En Objet mat retrogradem Orbit kennzeechent een duerch eng Bunnschréi > 90° zu sengem Zentralkierper, en Objet mat retrograder Rotatioun duerch eng Achsschréi > 90° zu senger Ëmlafbunn.

Bedeitung am Sonnesystem

änneren

Am Sonnesystem gëlle sou Objeten als rechtleefeg, déi aus Richtung vum Nordpol vun der Ekliptik gesinn, géint den Auerzäresënn rotéiere resp. hiren Zentralkierper ëmlafen.

Als Folleg vun der Gebuert vum Sonnesystem beweege sech all d'Planéiten, de Pluto an d'Haaptasteroidenceinture op engem rechtleefegen Orbit. D'Rotatioun vun de meeschte gréissere Kierper vum Sonnesystem ass och rechtleefeg.

E puer bekannt réckleefeg Himmelskierper

änneren

Retrograden Orbit

änneren

Retrograd Rotatioun

änneren
  • Venus, Achsschréi: 177°
  • Uranus, Achsschréi: 98°
    Gréisste retrograden Objet am Sonnesystem, deem säi réckleefege Charakter awer wéinst der bal rechtwénkleger Achsschréi kaum z'erkennen ass.
  • Pluto, Achsschréi: 123°

Visuell rechtleefeg a réckleefeg Beweegung

änneren

Objete vum Sonnesystem ginn als rechtleefeg bezeechent, wann hiren Ëmlaf nieft der Ekliptik ass, also aus der Richtung vum nërdlechen Ekliptikpol gesinn, géint den Auerzäresënn verleeft, an als réckleefeg bei engem Ëmlaf am Auerzäresënn. Well hir Ëmlafzäiten entspriechend dem drëtte Gesetz vum Kepler verschidde vun der Ëmlafzäit vun der Äerd sinn, kënnt et wärend den Iwwerhuelvirgäng zum Wiessel vum visuellen Ëmlafsënn (deem op der Äerd bezunnenen Uertsvektor), zum Beispill déi charakteristesch Planéiteschleefe bei der Oppositioun vun de baussenzege Planéiten. D'Erklärung vun deene Wiessele war wichteg fir d'Entwécklung vum geozentreschen a vum heliozentresche Weltbild. (→ Epizykeltheorie)

 
Beweegung vum bannenzege laanscht de baussenzegen Himmelskierper, Siicht op d'System
T1–5: Punkte vun der bannenzeger Bunn
P1–5: gläichzäiteg Punkte vun der baussenzeger Bunn
A1–5: Projektioun op d'visuellt Firmament
D'Zäitpunkte leien am Beräich vun der hallwer Ëmlafdauer vum bannenzege Kierper.
 
Virstellung als Himmelsubléck, topozentresche Standpunkt, stärefest Ofbildung:
Beweegung vum Himmelskierper als „Wandelstär“ géint d'Fixstären: Well de Stärenhimmel am Laf vun der Nuecht no Westen zitt (hei riets), erschéngt d'Beweegung vum Himmelskierper dogéint réckleefeg (no lénks).
Déi queesch Beweegung an der Schleef kënnt doduerch, well d'Bunnflächen am Allgemengen net exakt d'selwecht sinn: Doduerch verännert sech och déi drëtt Koordinat vun de Punkten.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren