De Karl Ludwig Hencke gebuer den 8. Abrëll 1793 zu Driesen (haut; Drezdenko a Polen), ass gestuerwen den 21. September 1866 zu Marienwerder. Hie war en däitschen Amateurastronom an Entdecker vun den Asteroiden Astraea an Hebe.

Karl Ludwig Hencke
Gebuer 8. Abrëll 1793
Gestuerwen 21. September 1866
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Astronom

Am Joer 1813 ass den Hencke als Fräiwellegen an de Krich géint den Napoleon Bonaparte gezunn a gouf schonn an der Schluecht bei Großgörschen schwéier verwonnt. Spéider war hien op verschiddene Plazen a Preisen als Postsekretär täteg, fir d'lescht zu Friedeberg an der Neumark. Zanter dem Joer 1837 war hien an der Pensioun a konnt sech komplett mat sengem Hobby, der Astronomie beschäftegen.

Den 8. Dezember 1845 entdeckt hien de fënneften Asteroid vum Sonnesystem, den Astraea. Bemierkenswert ass, datt zanter der Entdeckung vum véierten Asteroiden Vesta am Joer 1807 bal véierzeg Joer vergaange waren. An am Joer 1847 entdeckt den Hencke och nach de sechsten Asteroid, deen hien Hebe genannt huet. Dës zwou Entdeckunge waren den Ulaf fir weider Observatiounen, an et goufen ëmmer méi Klengplanéiten entdeckt.

Den Hencke huet eng vun de Berliner akadeemesche Stärekaarten iwwerschafft.

De Karl Ludwig Hencke ass op enger Rees den 21. September 1866 bei Marienwerder gestuerwen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie