Den (3073) Kursk ass en Asteroid vun der nannenzeger Haaptceinture.

(3073) Kursk
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Flora-Asteroiden
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,2430 A.E.
Exzentrizitéit 0,1366
Sideresch Ëmlafzäit 3,36 a
Mëttel Bunnvitess 19,89 km/s
Inklinatioun 5,0354 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser ? km
Rotatiounsperiod 3,4468 h
Absolut Hellegkeet 13,4
Spektralklass ?
Entdeckung
Entdecker Nikolai Tschernych
Entdeckungsdatum 24. September 1979
Plaz Krim-Observatoire, Nautschnyj
Aner Bezeechnungen 1979 SW11, 1969 VG1

Den Objet gouf de 24. September 1979 vum sowjeteschen Astronom Nikolai Tschernych um Krim-Observatoire zu Nautschnyj entdeckt. Eng onbestätegt Observatioun vum Asteroid gouf et schonn ënnert der virleefeger Bezeechnung 1979 SW11 am November 1969 um Krim-Observatoire zu Nautschnyj[1].

Den italieeneschen Astronom Vincenzo Zappalà definéiert an enger Publikatioun vun 1995 (et al.) eng Zougehéieregkeet vum (3073) Kursk zu der Flora-Famill, enger grousser Grupp vun Asteroiden, déi nom Aszeroid (8) Flora genannt ass[2]. D'Asteroide vun dëser Famill beweege sech op enger Bunnresonanz vu 4:9 mam Planéit Mars ëm d'Sonn. D'Grupp gëtt och Ariadne-Famill genannt, nom Asteroid (43) Ariadne.

Den 13. Juli 1984 gouf d'Bunn vum Asteroid geséchert an hie krut d'Nummer 3073. Den Asteroid gouf den 2. Juli 1985 no der westrussescher Stad Kursk genannt.

Mound S/2007 (3073) 1 änneren

Bei photometreschen Observatioune vum (3073) Kursk den 11. bis 27. Dezember 2006 gouf festgestallt, datt den Asteroid e Begleeder huet, deen ongeféier e Véirel vu senger Gréisst huet. Déi zwee Kierper kreesen ëm ee kollektive Schwéierpunkt an 44,96 (± 0,02) Stonnen[3]. De Begleeder krut déi virleefeg Bezeechnung S/2007 (3073) 1.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. (en) Observatioune vum (3073) Kursk op minorplanetcenter.net
  2. (en) Datebank mat 12.487 Asteroiden an Asteroidengruppen
  3. (en) Peter Kušnirák, Petr Pravec, Štefan Gajdoš, Adrián Galád, Walter R. Cooney, Jr., John Gross, Dirk Terrell, Donald P. Pray, François Colas, Jean Lecacheux, Vishnu Reddy, Ron Dyvig: Electronic Telegram No. 792 vun der I.A.U.