Peter Kušnirák

slowakeschen Astronom

De Peter Kušnirák, gebuer den 22. Mee 1974 zu Piešťany ass e slowakeschen Astronom an Asteroidenentdecker.

Peter Kušnirák
Gebuer 22. Mee 1974
Piešťany
Nationalitéit Slowakei
Educatioun Karls-Universitéit,
Comenius-Universitéit Bratislava
Aktivitéit Astronom
Famill
Bestuet mat Ulrika Babiaková

Hie schafft haaptsächlech am tschecheschen Observatoire vun Ondřejov.

Tëscht 1999 an 2005 huet hie méi wéi 200 Asteroiden entdeckt[1], dovu 85 aleng, de Rescht zesumme mat Kolleegen, virun allem mam Petr Pravec.

Den 20. Juni 2016 gouf den Asteroid (17260) Kušnirák no him genannt.[2]

E klengen Deel vun den entdeckten Asteroiden:
(21656) Knuth [1] 9. August 1999 (22185) Štiavnica [2] 29. Dezember 2000
(26401) Sobotište 19. November 1999 (34753) Zdeněkmatyáš [1] 24. August 2000
(40441) Jungmann [1] 11. September 1999 (44613) Rudolf [1] 8. September 1999
(46280) Hollar [1] 21. Mee 2001 (18182) Wiener [1] 27. August 2000

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Minor Planet Discoverers
  2. Minor Planet Circ. 100319–100610