(11) Parthenope

Asteroid


Den (11) Parthenope ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture.

(11) Parthenope
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,453 A.E.
Peridatum 25. August 2008
Exzentrizitéit 0,0993
Sideresch Ëmlafzäit 3 a 308 d
Mëttel Bunnvitess 19,0 km/s
Inklinatioun 4,63 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 162 km
Mass 5,13 × 1018 kg
Mëttel Dicht 2,72 × 103 kg/m³
Rotatiounsperiod 13 h 44 min
Albedo 0,1803
Absolut Hellegkeet 6,55M
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker Gasparis
Entdeckungsdatum 11. Mee 1850
Plaz Neapel

Hie gouf den 11. Mee 1850 vum Annibale de Gasparis als 11. Asteroid entdeckt.
Den Himmelskierper gouf no der Parthenope, enger Sireen aus der griichescher Mythologie genannt.

Den Asteroid Parthenope beweegt sech op enger Distanz vun 2,2103 (Perihel) bis 2,6949 (Aphel) A.E., an 3,8411 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 4,6223° schréi zu der Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,1.

De Parthenope huet en Duerchmiesser vun 162 Kilometer an eng relativ hell, silikatesch Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,18. Wärend der Oppositioun erreecht de Parthenope eng Hellegkeet vun 8,9 mag. Hie gehéiert domat zu den hellsten Asteroiden um Himmel. Fir hien ze fannen, brauch een allerdéngs en Teleskop oder eng liichtstaark Spektiv.

Aspekter änneren

Stationär
da réckleefeg
Oppositioun Distanz Hellegkeet Stationär
da rechtleefeg
Konjunktioun
23. November 2013 11. Januar 2014 1,67440 AE 9,0 mag 1. Mäerz 2014 15. Mee 2013
11. Mäerz 2015 25. Abrëll 2015 1,49154 AE 9,7 mag 14. Juni 2015 3. September 2014
20. August 2016 1. Oktober 2016 1,27915 AE 9,2 mag 15. November 2016 6. Januar 2016

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren