Annibale de Gasparis
Den Annibale de Gasparis, gebuer den 9. November 1819, a gestuerwen den 21. Mäerz 1892, war en italieeneschen Astronom.
Annibale de Gasparis | |
---|---|
Gebuer | 9. November 1819 |
Gestuerwen |
21. Mäerz 1892 Neapel |
Nationalitéit | Kinnekräich vu béide Sizilien, Kinnekräich Italien |
Educatioun | Universitéit Federico II zu Neapel |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser, Mathematiker |
Member vun | Accademia Nazionale dei Lincei, Accademia Nazionale delle Scienze, Académie des sciences, Royal Astronomical Society, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, Astronomische Gesellschaft, Accademia delle Scienze di Torino |
Nom Besuch vu Seminare zu Sulmona a Chieti goung hien 1838 no Neapel, fir op enger Ingenieurschoul ze studéieren. Vun 1840 un war hien astronomo alunno um Observatoire vu Capodimonte. Seng éischt mathematesch Publikatioun koum 1845 eraus. Et war seng Ofhandlung iwwer d'Ëmlafbunn vum Asteroid Vesta. D'Universitéit Neapel huet him dorophinn am Joer 1846 den Éierendoktertitel (laurea ad honorem) iwwerreecht. Vun 1860 bis zu der Emeritéierung 1889 war hien ordentleche Professer fir Astronomie, Geodesie a Mathematesch Geographie an der Universitéit Neapel. Vun 1864 bis 1889 war hien Direkter vum Observatoire vu Capodimonte zu Neapel. wou hien zanter 1855 als ee vun de wichtegsten Astronome gewierkt hat.
De Gasparis hat 9 Asteroiden entdeckt.
1851 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent. 1861 gouf hien zum Senator vum Kinnekräich ernannt. Zanter 1858 war hie korrespondéierende Member vun der Accademia dei Lincei, 1875 gouf hien ordentleche Member. Zanter 1849 war hie Member vun der Accademia Pontaniana zu Neapel. Ausserdeem hat hien de Krounuerde vun Italien, den Uerde vun den hl. Mauritius a Lazarus, den Ziviluerde vun der Savoie an de Rouden Adleruerde vu Preisen an de brasilianesche Rousenuerde kritt.
Zu sengen Éiere gouf den 30 Kilometer grousse Moundkrater de Gasparis souwéi d'Gasparis-Rill, eng 93 Kilometer laang Moundschlucht, déi beim Gasparis-Krater ufänkt, no him benannt.
Um Spaweck
änneren- Gargano, Mauro (2014). «Annibale de Gasparis» (it). Polvere di Stelle.
- Gargano, Mauro (2011). «Ausonia: il pianetino dell'Unità d'Italia» (it). Giornale di Astronomia 37 (4): 10-20. ISSN 03391106.
- Säit beim Italieenesche Senat
- Astronomi in Italia dall'Unità ai nostri giorni von Donatella Randazzo (Universitéit Palermo)
- Veröffentlichungen von Annibale De Gasparis im Opac des Servizio Biblotecario Nazionale
- Normeintrag beim Servizio Bibliotecario Nazionale