Mutualité des employeurs
D'Mutualité des employeurs ass eng Institutioun vun der Sozialversécherung zu Lëtzebuerg déi duerch d'Gesetz vum 13. Mee 2008 iwwer d'Aféierung vum Eenheetsstatut den 1. Januar 2009 an d'Liewe geruff[1]. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.
Mutualité des employeurs | |
---|---|
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 01.01.2009 |
Sëtz |
125 route d'Esch 1471 Lëtzebuerg |
Generaldirekter | Jean-Paul Olinger (President) |
Branche | Mutualitéit |
Homepage | www.mde.lu |
Zweck
ännerenD'Patronen hunn d'Flicht hir Salariéen am Fall vun enger Aarbechtsonfäegkeet weider ze bezuelen. Den Zweck vun der Mutualitéit ass et fir d'Patrone virun dëse Käschten ze schützen.
Organisatioun
ännerenD'Mutualité des employeurs gëtt vun engem Verwaltungsrot vun zéng Membere geréiert. Dozou gehéieren:
- sechs Delegéiert vun der Chambre de commerce an der Chambre des métiers,
- een Delegéierte vun der Chambre d'agriculture,
- een Delegéierte vun de Fräiberuffler an
- d'Presidente vun der Caisse nationale de santé an dem Centre commun de la sécurité sociale.
Period | President |
---|---|
? | Pierre Bley |
? | Nicolas Henckes |
26.06.2019- | Jean-Paul Olinger |
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ (fr)Loi du 13 mai 2008 portant introduction d'un statut unique. legilux.public.lu (13.05.2008). Gekuckt de(n) 18.09.2020.