Chambre des salariés Luxembourg

(Virugeleet vu(n) Chambre des salariés)

D'Chambre des salariés Luxembourg (och alt Salariatskummer[1]) ass zu Lëtzebuerg d'Beruffschamber, déi d'Intresse vun ongeféier 530.000 Salariéë[2] vum Privatsecteur vertrëtt. Se ass 2008 aus dem Zesummeschloss vun der Aarbechterkummer mat der Privatbeamtekummer entstanen. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.

Chambre des salariés Luxembourg
(Salariatskummer)
De Sëtz vun der Salariatskummer um Verluerekascht
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 13.05.2008
Sëtz 18, rue Auguste Lumière
L-1950 Lëtzebuerg
Leedung Nora Back (Presidentin)
Sylvain Hoffmann (Direkter)
Branche Beruffschamber
Homepage www.csl.lu

Historique änneren

Mam Gesetz vum 4. Abrëll 1924[3] gouf zu Lëtzebuerg e Beruffschamber-System op eligibeler Basis opgebaut an et si fënnef Beruffschamberen an d'Liewe geruff ginn. Dozou hunn deemools och d'Chambre de travail an d'Chambre des employés privés gehéiert. Op der Säit vum Salariat war déi éischt fir d'Aarbechter an déi zweet fir d'Privatbeamten zoustänneg.

No Tripartite-Gespréicher si sech d'Regierung an d'Sozialpartner am Abrëll 2006 eens gi fir de Statut vun de Privatbeamten ((fr) « employés privés ») mat deem vun den Aarbechter ((fr) « ouvrier ») zesummenzeschloen a fir en Eenheetsstatut ((fr) « statut unique ») fir all Salariéen aus dem Privatsecteur anzeféieren.

Den 1. Januar 2009 koum et op Basis vum Gesetz vum 13. Mee 2008 iwwer d'Aféierung vum Eenheetsstatut fir Salariéeën am Privatsecteur[4] zu enger Fusioun vun der Chambre de travail mat der Chambre des employés privés aus där d'Chambre des salariés ervirgaangen ass.

Organisatioun änneren

All Salarié a Pensionnaire aus dem private Secteur, grad ewéi d'Personal vun der CFL, sinn - onofhängeg vun hirer Nationalitéit oder vun hirem Wunnuert - automatesch Member vun der Salariatskummer.

Aus am Ganzen 9 Beruffsgruppen déi déi verschidden Aktivitéite representéieren, stëmmen d'Salariéen all fënnef Joer 60 Vertrieder fir an d'Salariatskummer. D'Kandidatelëschte ginn haaptsächlech vun de Gewerkschaften opgestallt.

Zesummesetzung änneren

No de Sozialwale vum Mäerz 2019 setzt d'Chambre des Salariés sech esou zesumme[5]:

Sëtzverdeelung
Gewerkschaft Sëtz 2019 Differenz zu 2013
Aleba 4 0
Landesverband 2 0
LCGB 18 + 3
OGBL 35 - 3
Syprolux 1 0

Verdeelung no Beruffsgruppen

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Verwaltung änneren

President

Direkter

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Zitat aus der Ried vun der Nora Back, Presidentin vun der CSL, de 6. Januar 2019
  2. Mitglieder. www.csl.lu. Gekuckt de(n) 13.09.2020.
  3. Loi du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. legilux.public.lu (04.04.1924). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  4. Loi du 13 mai 2008 portant introduction d'un statut unique pour les salariés du secteur privé (...). legilux.public.lu (13.05.2008). Gekuckt de(n) 13.09.2020.
  5. OGBL bleift stäerkst Kraaft, verléiert awer 3 Sëtz un den LCGB op rtl.lu den 31. Mäerz 2019
  6. Virdrun Direkter vun der Chambre des employés privés
  7. Nouveau directeur de la Chambre des salariés. www.csl.lu (08.01.2019). Gekuckt de(n) 13.09.2020.