Centres de gériatrie war den Numm vun engem ëffentlechen Etablissement zu Lëtzebuerg dat vum 23. Dezember 1998 bis den 22. Dezember 2000 funktionéiert huet.

Duerch e Gesetz vum 23. Dezember 1998 goufen zwee ëffentlech Etablissementer gegrënnt an zwar:

D'Centres de gériatrie haten als Missioun fir Empfanksstrukturen, fir al Persounen déi ofhängeg vun Drëtte sinn, oder geronto-psychiatresch ofhängeg sinn, ze kreéieren oder z'iwwerhuelen.[1].

Fir dat kënnen ze maachen, huet Centres de gériatrie d'Gestioun vun de Fleegeheemer vun Iechternach, Esch-Uelzecht, Déifferdeng a Veianen iwwerholl. Gläichzäiteg hu se och d'Gestioun vun de Proprietéite vun deenen Heemer iwwerholl.[2]

Duerch d'Gesetz vum 22. Dezember 2000 gouf Centres de gériatrie an d'Centres, foyers et services pour personnes âgées integréiert, woubäi eng Restrukturéierung vu verschiddene Proprietéite gemaach gouf.[3].

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Artikel 4. vum Gesetz vum 23 Dezember 1998
  2. Artikel 5. vum Gesetz vum 23 Dezember 1998
  3. Annexe «Relevé des propriétés domaniales» Artikel V. vum Gesetz vum 22. Dezember 2000