Chamberwale vum 8. Oktober 2023

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 zu Lëtzebuerg goufe 60 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt.

Walziedel aus dem Bezierk Zentrum. Fir d'éischt sinn och d'Logoe vun de Parteien um Walziedel drop gedréckt
D'Walbezierker mat hirer Zuel vu Sëtzer

Den Datum vun de Wale gouf de 16. Oktober 2022 vum Staatsministère matgedeelt[1].

D'Zuel vun den Deputéierten, déi gewielt konnte ginn, geet vu 7 am Walbezierk Osten bis zu 23 am Walbezierk Süden. Am Norde waren et der 9, am Zentrum 21.

Walflicht a Walrecht änneren

Jiddereen deen op der Wielerlëscht steet, ass verflicht wielen ze goen, d. h. datt all Lëtzebuerger deen den 8. Oktober 2023 op d'mannst 18 Joer al ass, zu Lëtzebuerg wunnt an dee säi Walrecht net vum Geriicht oferkannt krut, muss stëmme goen[2].

Wann een den Dag vun de Wale verhënnert ass, muss een dem Procureur vum Bezierksgeriicht eng schrëftlech a motivéiert Entschëllegung schécken.

A follgende Fäll ass een d'office entschëllegt an et besteet keng Walflicht méi:

  • déi Leit, déi um Dag vun der Wal an enger anerer Gemeng wunne wéi déi, an där se opgeruff si stëmmen ze goen;
  • jiddereen deen op d'mannst 75 Joer al ass;
  • d'Wieler déi ënner Momperschaft stinn.

Déi, déi verflicht sinn ze wielen an awer net an de Walbüro goe kënnen oder wëllen, kënnen am Viraus Bréifwal ufroen. Dat selwecht gëllt fir Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen. Déi genee Prozedur fir d'Bréifwal ass an den Artikelen 168 - 182 vum Walgesetz festgehalen.

Fir d'Chamberwale vum 8. Oktober 2023 waren op de 5. Oktober 283.879 Wieler ageschriwwen. 70.242 (24,74 %) Stëmmberechtegt haten sech fir d'Bréifwal decidéiert; dovun hunn 63.864 Wieler zu Lëtzebuerg gewunnt an déi aner (6.378) haten hire Wunnsëtz am Ausland[3].

Parteien änneren

Néng Parteien hunn an alle véier Walbezierker kandidéiert. Dobäi koumen der dräi, déi just an zwéin oder dräi Bezierker Lëschten opgesat hunn. D'Lëschteplaze goufen den 10. August 2023 vum Pierre Calmes, President vum Stater Bezierksgeriicht, festgeluecht. Dobäi gouf d'Lëschtennummer vun deene Parteien, déi och bei de Gemengewalen am Juni kandidéiert haten, bäibehalen, iwwerdeems déi vun zousätzlechen anere Parteien, déi bei de Chamberwale kandidéiert hunn, ausgeloust gouf. Dat erkläert, firwat et keng "Lëscht 8" gëtt: Dës war der Partei Mir d'Vollek bei de Gemengewalen zougedeelt ginn, d'Partei huet awer net bei de Chamberwale kandidéiert[4].

D'Parteie mat hire Lëschten-Nummeren an de Bezierker wou se kandidéiert hunn
Lëscht Partei Süden Osten Zentrum Norden
1 LSAP        
2 DP        
3 déi gréng        
4 CSV        
5 déi Lénk        
6 ADR        
7 Piraten        
9 Fokus        
10 Volt    
11 KPL      
12 Liberté - Fräiheet!        
13 Déi Konservativ    

Resultater änneren

 
Sëtzverdeelung
 
Sëtzverdeelung pro Walbezierk

D'CSV huet bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 hir Positioun behaapte kënnen a bleift mat 21 Sëtz déi stäerkst Partei an der Chamber. D'DP huet 2 Sëtz derbäi gewonnen (een am Zentrum an een am Süden) a kënnt op elo 14 Sëtz, iwwerdeems d'LSAP am Zentrum een zousätzlechen Deputéierte krut an elo mat am Ganzen 11 Vetrieder an der Chamber ass. Op der aner Säit hunn déi Gréng, déi zanter 2013 als Koalitiounspartner mat an der Regierung waren, Plomme gelooss a 5 vun hire bis dato 9 Mandater verluer; se sinn elo just nach mat 4 Deputéierten (2 am Zentrum an 2 am Süden) an der Chamber.

Bei deene méi klenge Parteie bleift et bei den 2 Sëtz fir déi Lénk, d'ADR krut am Osten 1 Sëtz bäi a se kënnt op 5 Deputéiert, iwwerdeems d'Piraten och 1 Sëtz (am Norden) wannen a mat 3 Mandater am Parlament vertruede sinn. All déi aner Parteien hunn et net an d'Chamber gepackt.

Méi wéi 36.000 Stëmmberechtegt, dorënner och Persounen iwwer 75, déi net méi vun der Walflicht betraff waren, sinn net wiele gaangen. 7.889 Ziedele goufen einfach wäiss ofginn a méi wéi 10.000 Walziedele waren ongülteg, well entweder ze vill Kandidate gewielt goufen, eppes op den Ziedel gemoolt gouf oder (nach) eppes aneres wéi de Stëmmziedel an der Enveloppe vun der Bréifwal louch.[5]

Partei Prozent 2018 Sëtz 2018 Prozent 2023 +/− Sëtz 2023 +/−
CSV 28,31 21 29,21 +0,90 21 ±0
DP 16,91 12 18,70 +1,79 14 +2
LSAP 17,60 10 18,91 +1,31 11 +1
déi gréng 15,12 9 8,55 -6,57 4 -5
ADR 8,28 4 9,27 +0,99 5 +1
Piraten 6,45 2 6,74 +0,29 3 +1
déi Lénk 5,48 2 3,93 -1,55 2 ±0
KPL 1,27 0 0,64 -0,63 0 ±0
Déi Konservativ 0,27 0 0,23 -0,04 0 ±0
Fokus --- --- 2,49 0 nei
Volt --- --- 0,19 0 nei
Liberté-Fräiheet! --- --- 1,13 0 nei
Total 60

Den 9. Oktober krut de Luc Frieden vum Grand-Duc Henri den Optrag fir als Formateur ze kucken, eng nei Regierung op d'Been ze stellen[6]. Nach de selwechten Owend ass confirméiert ginn, datt souwuel d'CSV mat der DP Verhandlungen ophuele wéilt, wéi och d'DP gewëllt wier mat der CSV ze verhandelen[7].

De 17. November 2023 gouf als Resultat dovun d'Regierung Frieden-Bettel vereedegt.

Gewielt an nogeréckelt Deputéiert änneren

Alphabetesch Lëscht (klasséiert nom Familljennumm) vun der aktueller Zesummesetzung (Stand: 21. Nov. 2023) vun der Chamber, inklusiv déi Deputéiert, déi op hiert Mandat verzicht hunn an déi, déi s'ersat hunn (déi nogeréckelt sinn).

Déi aktuell Deputéiert hunn als Zuel 1 (et kann ee se duerch Uklicke vum Zortéierschëssel an der Rubrik "Zuel" beieneen uweise loossen).

Aktuell Deputéiert no de Chamberwale vum 8. Oktober 2023
Zuel Foto Numm Partei Bezierk gewielt Stëmmen[8] Mandat vun Mandat bis Bemierkung
1   Diane Adehm CSV Zentrum direkt 19.043 24/10/2023
1   Barbara Agostino DP Süden nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Max Hahn, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1   Guy Arendt DP Zentrum nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Xavier Bettel, deen e Regierungsposten ugeholl huet
  Jean Asselborn LSAP Süden direkt 33.398 huet op d'Mandat verzicht; fir hie réckelt den Yves Cruchten no[9]
  Yuriko Backes DP Zentrum direkt 23.589 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1   Maurice Bauer CSV Zentrum nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Luc Frieden, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1   André Bauler DP Norden direkt 10.057 24/10/2023
1   Gilles Baum DP Osten nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Lex Delles, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1   Marc Baum déi Lénk Süden direkt 8.664 24/10/2023
1   François Bausch déi gréng Zentrum direkt 12.605 21/11/2023
1   Simone Beissel DP Zentrum direkt 14.895 24/10/2023
  Xavier Bettel DP Zentrum direkt 34.018 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1   Dan Biancalana LSAP Süden direkt 24.435 24/10/2023
1   Taina Bofferding LSAP Süden direkt 30.909 21/11/2023
1   Jeff Boonen CSV Norden nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir d'Martine Hansen, déi e Regierungsposten ugeholl huet
1   Liz Braz LSAP Süden direkt 24.284 24/10/2023
1   Corinne Cahen DP Zentrum direkt 16.365 24/10/2023
1   Sven Clement Piraten Zentrum direkt 15.074 24/10/2023
1   Francine Closener LSAP Zentrum direkt 11.392 24/10/2023
1   Yves Cruchten LSAP nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Jean Asselborn, dee säi Mandat net ugeholl huet
1   Claire Delcourt LSAP Zentrum direkt 7.394 24/10/2023
  Lex Delles DP Osten direkt 13.042 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1   Mars Di Bartolomeo LSAP Süden direkt 24.663 24/10/2023
1   Alex Donnersbach CSV Zentrum nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Serge Wilmes, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1   Emile Eicher CSV Norden direkt 13.296 24/10/2023
1   Félix Eischen CSV Süden direkt 26.542 24/10/2023
1   Luc Emering DP Süden direkt 11.837 24/10/2023
1   Georges Engel LSAP Süden direkt 24.503 24/10/2023
1   Jeff Engelen ADR Norden direkt 8.153 24/10/2023
1   Fernand Etgen DP Norden direkt 10.529 24/10/2023
1   Franz Fayot LSAP Zentrum direkt 13.343 21/11/2023
  Luc Frieden CSV Zentrum direkt 30.999 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1   Paul Galles CSV Zentrum direkt 21.495 24/10/2023
  Léon Gloden CSV Osten direkt 13.377 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1   Max Goergen Piraten Süden direkt 12.856 24/10/2023
1   Patrick Goldschmidt DP Zentrum nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir d'Yuriko Backes, déi e Regierungsposten ugeholl huet
1   Gusty Graas DP Süden direkt 11.942 24/10/2023
1   Claude Haagen LSAP Norden direkt 9.076 24/10/2023
  Max Hahn DP Süden direkt 19.477 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1   Christophe Hansen CSV Norden direkt 17.464 24/10/2023
  Martine Hansen CSV Norden direkt 20.160 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1   Carole Hartmann DP Osten direkt 10.547 24/10/2023
1   Max Hengel CSV Osten direkt 11.942 24/10/2023
1   Fernand Kartheiser ADR Süden direkt 13.581 24/10/2023
1   Françoise Kemp CSV Süden nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Georges Mischo, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1   Nancy Kemp-Arendt CSV Süden direkt 26.137 24/10/2023
1   Fred Keup ADR Süden direkt 14.763 24/10/2023
1   Paulette Lenert LSAP Osten direkt 14.345 21/11/2023
1   Marc Lies CSV Zentrum direkt 18.862 24/10/2023
  Elisabeth Margue CSV Zentrum direkt 23.164 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
  Claude Meisch DP Süden direkt 17.001 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1   Mandy Minella DP Süden nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Claude Meisch, deen e Regierungsposten ugeholl huet
  Georges Mischo CSV Süden direkt 30.388 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1   Octavie Modert CSV Osten direkt 10.208 24/10/2023
1   Nathalie Morgenthaler CSV Süden nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Gilles Roth, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1   Laurent Mosar CSV Zentrum nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir d'Elisabeth Margue, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1   Lydie Polfer DP Zentrum direkt 19.345 24/10/2023
1   Ben Polidori Piraten Norden direkt 4.804 24/10/2023
  Gilles Roth CSV Süden direkt 31.451 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1   Gérard Schockmel DP Zentrum direkt 15.164 24/10/2023
1   Alexandra Schoos ADR Osten direkt 4.295 24/10/2023
1   Meris Sehovic déi gréng Süden direkt 8.323 24/10/2023
1   Marc Spautz CSV Süden direkt 26.053 24/10/2023
1   Sam Tanson déi gréng Zentrum direkt 17.983 21/11/2023
1   David Wagner déi Lénk Zentrum direkt 6.747 24/10/2023
1   Tom Weidig ADR Zentrum direkt 6.414 24/10/2023
1   Charel Weiler CSV Norden direkt 14.483 24/10/2023
1   Joëlle Welfring déi gréng Süden direkt 12.984 21/11/2023
1   Stéphanie Weydert CSV Osten nogeréckelt 21/11/2023 nogerécket fir de Léon Gloden, deen e Regierungsmandat ugeholl huet
  Serge Wilmes CSV Zentrum direkt 22.035 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1   Claude Wiseler CSV Zentrum direkt 21.385 24/10/2023
1   Michel Wolter CSV Süden direkt 26.922 24/10/2023
1   Laurent Zeimet CSV Süden direkt 24.128 24/10/2023

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Chamberwale vum 8. Oktober 2023 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen änneren

  1. "Datum fir d'Chamberwalen." Communiqué op me.gouvernement.lu; 16.11.2022.
  2. (fr)Loi électorale du 18 février 2003 (telle qu'elle a été mofifiée). https://legilux.public.lu/.+Gekuckt de(n) 07.10.2023.
  3. (fr)Obert, Mathilde, 23.992 électeurs supplémentaires en 2023. paperjam.lu. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 07.10.2023.
  4. "D'Lëschtennummere goufe gezunn," rtl.lu, Leschten Update: 12.08.2023, 07:23:30.
  5. rtl.lu: Méi wéi 36.000 Leit sinn net wiele gaangen (10. Oktober 2023)
  6. (lb)"Dat ass fir mech eng grouss Éier an eng grouss Verantwortung": De Luc Frieden gouf vum Grand-Duc mat der Regierungsbildung beoptragt. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-09.
  7. (lb)No Gespréicher an de Parteigremien: CSV an DP wëlle Koalitiounsgespréicher mateneen ophuelen. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-09.
  8. Résultats officiels op elections.public.lu, gekuckt den x. Oktober 2023
  9. (lb)Jean Asselborn geet net an d'Chamber: "Ech spieren, dass ech elo e bësse Rou brauch". www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-15.