Fokus (Lëtzebuergesch Partei)
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Fokus ass eng Lëtzebuerger politesch Partei. Si gouf den 21. Februar 2022 virgestallt.
Fokus | |
---|---|
President | Marc Ruppert |
Vizepresidentinnen |
Anne Lecuit Françoise Kirsch |
Parteispriecher | Frank Engel |
Generalsekretär | Gary Kneip |
Tresorier | Jacques Linster |
Gegrënnt | 2022 |
Parteizentral | Esch-Uelzecht |
Websäit | |
www.fokus.lu/ | |
Grënnungsmembere sinn de fréieren CSV-President Frank Engel, de fréieren DP-Generalsekretär Marc Ruppert, de fréiere President vun der Handelskonfederatioun an DP-Member Gary Kneip an den Affekot a grénge Gemengerot vun Esch-Uelzecht, Luc Majerus[1].
Gemengewalen 2023 änneren
Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 hat Fokus an der Stad, zu Déifferdeng an zu Suessem mat jee enger Lëscht kandidéiert. An der Stad krute se 2,38 % vun de Stëmmen, zu Déifferdeng 2,3 % an zu Suessem 2,68 %. A kenger vun den 3 Gemengen huet e Kandidat et an de Gemengerot gepackt[2].
Chamberwalen 2023 änneren
Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 krut Fokus am ganzen 93.839 Stëmmen, wat 2,49 % vun alle Stëmmen entsprécht[3]; net genuch fir een Deputéiertemandat.
Um Spaweck änneren
- Michel Cames: "Fokus Bürgergesellschaft. Zu der von Frank Engel angeregten neuen Partei." forum+, Gesellschaft, Parteien, Politik (forum.lu). 24. Februar 2022.
Referenzen änneren
- ↑ " 'Fokus', déi nei Partei vun Engel a Ruppert." rtl.lu, 21.02.2022.
- ↑ (fr)elections public.lu. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 2023-06-16.
- ↑ elections.public.lu