Mandy Minella

lëtzebuergesch Tennisspillerin

D'Mandy Minella, gebuer den 22. November 1985 zu Esch-Uelzecht ass eng Lëtzebuerger Tennisspillerin a Politikerin (DP).

Mandy Minella
D'Mandy Minella (2015).
Nationalitéit: Lëtzebuerg
Gebuertsdag: 22. November 1985
Gréisst: 180 cm
Gewiicht: 65 kg
1. Profisaison: 2001
Spillhand: Riets, beidhänneg Réckhand
Trainer: Tim Sommer
Präisgeld: 2,183,346 $
Eenzel
Karriärbilanz: 335:284
Titel: 0 WTA, 9 ITF
Bescht Plaz: 66 (17. September 2012)
Aktuell Plaz: 170
Grand-slam-Bilanz
Grand-Slam-Titel: 0
AustralianOpen = 2R (2014)
FrenchOpen = 1R (2012-2014)
Wimbledon = 1R (2012, 2013)
USOpen = 3R (2010, 2012)
Dubbel
Karriärbilanz: 113:131
Titel: 2 WTA, 5 ITF
Bescht Plaz: 47 (29. Abrëll 2013)
Aktuell Plaz: 81
Grand-Slam-Bilanz
Grand-Slam-Titel: 0
AustralianOpen = 2R (2013, 2015)
FrenchOpen = 2R (2012)
Wimbledon = AF (2012)
USOpen = 1R (2012, 2013)
Mixed-Dubbel
Grand-Slam-Titel-Mixed: 0
AustralianOpen =
FrenchOpen = 1R (2013)
Wimbledon =
USOpen =
Aktualiséiert: 22. Mee 2022

Karriär änneren

Sport änneren

Si huet am Alter vu fënnef Joer ugefaangen Tennis ze spillen a konnt bis haut 8 Eenzel- a 6 Dubbelturnéier mat verschiddene Partnerinne vum ITF Women's Circuit gewannen.

Bei de Spiller vun de klenge Länner konnt si 2003 Sëlwer am Eenzel a Gold am Dubbel gewannen, 2005 Gold am Eenzel an Dubbel, an 2007 d'Goldmedail am Dammendubbel. 2009 konnt si schliisslech hiren Erfolleg vun 2005 mat Gold am Eenzel an am Dubbel widderhuelen.

Den Duerchbroch ass hir 2010 bei den US Open zu New York gelongen, wéi si sech fir d'éischt Kéier fir d'Haaptfeld vun engem Grand-Slam-Turnéier qualifizéiere konnt. Si konnt sech géint d'Top-50-Spillerinne Polona Hercog an Zwetana Pironkowa duerchsetze bis si an der drëtter Ronn an zwéi Sätz géint d'Venus Williams verluer huet.

D'Mandy Minella gouf 2011 als Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer gewielt.

Den 23. Februar 2013 konnt d'Mandy Minella hiert éischt WTA-Turnéier am Dubbel mat der Timea Babos zu Bogotá gewannen. Am Abrëll hunn déi zwee zu Marrakesch hiert 2. WTA-Turnéier gewonnen.

De 5. Juni 2016 huet d'Mandy Minella hiren éischte WTA-Turnéier am Eenzel zu Bol (Kroatien) mat 6-2, 6-3 gewonnen.

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Politik änneren

D'Mandy Minella ass Member vun der DP. Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 huet si am Bezierk Süde kandidéiert. Si gouf net direkt gewielt, ass awer den 21. November dat Joer nogeréckelt, wéi de Claude Meisch eng Ministeschfonktioun ugeholl huet.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Mandy Minella – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virdrun    Sportlerin vum Joer    Duerno
Marie Muller 2011 Marie Muller

Referenzen änneren

  1. (fr)La Chambre est désormais complète. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2023-11-21.