Jeff Boonen

lëtzebuergesche Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jeff Boonen, gebuer den 1. Juni 1985 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergeschen Agraringenieur a Politiker (CSV).[2]

Jeff Boonen
Gebuer 1. Juni 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Bauer, Politiker

Liewen a Karriär änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Jeff Boonen huet 2004-2009 op der Université catholique de Louvain e Master fir Agrar-Ingenieur gemaach.[3] Hie schafft am Familljebetrib, engem Haff mat enger 80 Mëllechkéi an enger Biogasanlag, deen et zanter ronn 200 Joer gëtt.[4] Vun 2011 bis 2015 war hie President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren.[5]

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 war hie Kandidat op der CSV-Lëscht am Walbezierk Norden. Hie gouf net direkt gewielt, ass awer den 21. November 2023 fir d'Martine Hansen nogeréckelt, déi e Ministeschmandat ugeholl hat.[6]

Hien ass bestutet an huet zwee Kanner.[5]

Referenzen änneren

  1. (fr)JeffBoonen. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-28.
  2. Fiche op chd.lu (nogekuckt 2023-11-24).
  3. Fiche op linkedin.com (nogekuckt 2023-11-24)
  4. Schwéierpunkt vum Dag: Jeff Bonen (CSV). 100komma7.lu, 21.11.2023.
  5. 5,0 5,1 Jeff Boonen, une entrée en politique «naturelle»." lessentiel.lu, 23.11.2023.
  6. (fr)La Chambre est désormais complète. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2023-11-21.