Maurice Bauer

lëtzebuergesche Jurist a Politiker

De Maurice Bauer, gebuer den 11. Oktober 1971 zu Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Jurist a Politiker (CSV).

Maurice Bauer
Gebuer 11. Oktober 1971
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Stroossbuerg
Aktivitéit Jurist, Politiker

No senger Première am Stater Jongelycée (1992) huet hie vun 1992 bis 1997 op der Université Robert Schuman zu Stroossbuerg studéiert a säi Studium mat enger Maîtrise am Droit ofgeschloss[1].

Berufflech huet hie bei der Dexia-BIL (1998-2002) geschafft, war Sousdirekter vun der Cetrel (2002-2008) an ass zanter 2008 bei der Lëtzebuerger Bourse beschäftegt, vun 2014 un als Generalsekretär.

Hien ass zanter 1990 Member an der CSV a war fir seng Partei Generalsekretär adjoint vun 2000 bis 2010.

De Maurice Bauer ass zanter Oktober 2011 Conseiller am Stater Gemengerot an zanter August 2019 am Schäfferot vun der Haaptstad.

Bei de Chamberwalen 2009, 2013 2018 an 2023 huet hien am Zentrum kandidéiert, ass awer ni direkt gewielt ginn. No de Wale vum 8. Oktober 2023 ass hien den 21. November 2023 fir de Luc Frieden an d'Chamber nogeréckelt[2], nodeems deen op säin Deputéiertemandat verzicht huet, fir Premierminister ze ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Maurice Bauer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 (fr)Maurice Bauer | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-16.
  2. (fr)La Chambre est désormais complète. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2023-11-21.