Regierung Frieden-Bettel

Koalitiounsregierung

D'Regierung Frieden-Bettel ass zanter dem 17. November 2023 eng Koalitiounsregierung aus CSV an DP, déi aus de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 zu Lëtzebuerg ervirgaangen ass. Si baséiert um Koalitiounsaccord, deen de 15. November 2023 vun deenen zwou Parteien op ausseruerdentleche Kongresser guttgeheescht[1],[2] an deen Dag drop ënnerschriwwe gouf[3]. Regierungschef ass de Luc Frieden (CSV), Vizepremier de Xavier Bettel (DP).

Et ass fir d'éischt zanter 19 Joer datt, no der Regierung Juncker-Polfer (1999-2004), eng CSV-DP Koalitioun d'Regierung stellt.

Si besteet aus 15 Ministeren.[4]

Zesummesetzung änneren

Regierung Frieden - Bettel
(Stand: 17. November 2023)
Foto Numm Partei Portefeuille(n) Bemierkungen
  Luc Frieden CSV Premierminister; Minister fir Medien a Kommunikatioun
  Xavier Bettel DP Vize-Premier an Ausseminister; Minister fir den Aussenhandel a fir d'Groussregioun
  Martine Hansen CSV Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau
  Claude Meisch DP Minister fir d'Educatioun, Kanner a Jugend; Minister fir de Logement an d'Landesplanung
  Lex Delles DP Minister fir Ekonomie, Kleng- a Mëttelbetriber, fir Energie a fir Tourismus
  Yuriko Backes DP Ministesch fir Verdeedegung; Ministesch fir Gläichstellung; Ministesch fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten
  Max Hahn DP Minister fir Famill, Solidaritéiten, Zesummeliewen an Accueil
  Gilles Roth CSV Finanzminister
  Martine Deprez CSV Ministesch fir Gesondheet, a sozial Sécherheet
  Léon Gloden CSV Inneminister
  Stéphanie Obertin DP Ministesch fir Digitaliséierung; Ministesch fir Fuerschung an Héichschoulen
  Georges Mischo CSV Sportminister; Aarbechtsminster
  Serge Wilmes CSV Ëmweltminister a Minister fir Klima a Biodiversitéit; Minister vun der Fonction publique
  Elisabeth Margue CSV Justizministesch; Delegéiert Ministesch vum Premierminister fir d'Ressorte Medien a Kommunikatioun; Delegéiert Ministesch vum Premierminister fir d'Bezéiunge mam Parlament.
  Eric Thill DP Kulturminister; Delegéierte Minister fir Tourismus

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Gréng Luucht fir Koalitiounsaccord: DP kritt 7 Minister, Eric Thill a Stéphanie Obertin nei mat dobäi." rtl.lu, 15.11.2023.
  2. "CSV huet de Koalitiounsaccord eestëmmeg ugeholl. rtl.lu, 15.11.2023.
  3. "L'accord de coalition est signé, voici les premières mesures du prochain gouvernement." virgule.lu, 16.11.2023.
  4. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.