Ben Polidori

lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker

De Ben Polidori, gebuer den 13. November 1989 zu Esch-Uelzecht[1], ass e lëtzebuergeschen Informatiker a Politiker (Piraten). Hie gouf an de Chamberwalen 2023 fir d'éischt Kéier am Bezierk Norden an d'Chamber gewielt, wou hien d'Piratepartei vertrëtt.[2] Am selwechte Joer gouf hie bei de Kommunalwalen an de Gemengerot vu Viichte gewielt.[3] Bekannt ass de Ben Polidori och fir seng Karriär am Foussball.

Ben Polidori
Gebuer 13. November 1989
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Informatiker, Politiker
Partei Piratepartei Lëtzebuerg

Berufflech Karriär änneren

De Ben Polidori huet zanter 2011 bei POST Lëtzebuerg geschafft a war do zanter 2021 Chef vum Service „Engineering & Support".[4] Wéinst sengem politesche Mandat an der Chamber huet hien 2023 déi Aarbecht opginn, fir Vollzäit-Politiker ze sinn.[5]

Politesch Karriär änneren

Bei de Gemengewalen 2023 gouf hien an de Gemengerot vun der Gemeng Viichten gewielt[6]. Fir d'Chamberwalen 2023 huet hien als Spëtzekandidat am Bezierk Norde fir d'Piratepartei kandidéiert a gouf an d'Chamber gewielt[7]. Besonnesch an de Beräicher vun der Digitalisatiouns-, Educatiouns- a Familljepolitik ass de Ben Polidori aktiv.[8]

Karriär am Foussball änneren

Bis zu sengem 19. Liewensjoer huet de Ben Polidori zu Diddeleng gewunnt an huet do fir de lokale Foussballsveräin F91 gespillt mat deem hien zweemol Lëtzebuerger Meeschter gouf.[9] Duerno war hien dräi Joer bei der UN Käerjeng 97, éier en 2014 bei d'US Rëmeleng an 2021 bei den FC Koeppchen gewiesselt huet.[10] Hien huet am lénkse Mëttelfeld fir d'U21 gespillt an ee Gol a sechs Lännerspiller geschoss.[11] Säin héchste Maartwäert als Spiller louch bei 50.000 Euro.[12]

Privates änneren

De Ben Polidori gouf zu Esch-Uelzecht gebuer, huet dono zu Diddeleng a Wincheringe gewunnt an nennt säit 2018 Viichte säin Doheem.[13] Hien ass bestuet an huet e Kand.[14]

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)BenPolidori. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-27.
  2. (fr)BenPolidori. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-06.
  3. Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruikLe conseil communal. Vichten. Gekuckt de(n) 2023-11-06.Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruik
  4. (de)Claude Molinaro, Pirat aus dem Norden / Ben Polidori: Warum der Neue in der Chamber ein fairer Gegner ist. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-06.
  5. (de)Simone Molitor, Ben Polidori: der Aufsteiger aus dem Norden. luxemburger-wort-online (2023-11-06). Gekuckt de(n) 2023-11-06.
  6. (fr)Vichten. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 11.10.2023.
  7. (fr)Résultats détaillés - Nord. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 11.10.2023.
  8. (lb)Christoph Hochard, Serie Nei Gesiichter an der Chamber (7): De Ben Polidori vun de Piraten am Portrait. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-06.
  9. (de)Claude Molinaro, Pirat aus dem Norden / Ben Polidori: Warum der Neue in der Chamber ein fairer Gegner ist. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-06.
  10. (en)Ben Polidori - Player profile. www.transfermarkt.com. Gekuckt de(n) 2023-11-06.
  11. (en)Ben Polidori - Player profile. www.transfermarkt.com. Gekuckt de(n) 2023-11-06.
  12. (en)Ben Polidori - Player profile. www.transfermarkt.com. Gekuckt de(n) 2023-11-06.
  13. (de)Claude Molinaro, Pirat aus dem Norden / Ben Polidori: Warum der Neue in der Chamber ein fairer Gegner ist. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-06.
  14. (de)Simone Molitor, Ben Polidori: der Aufsteiger aus dem Norden. luxemburger-wort-online (2023-11-06). Gekuckt de(n) 2023-11-06.