Xavier Bettel

lëtzebuergesche Politiker, Affekot an Ausseminister


De Xavier Bettel, gebuer den 3. Mäerz 1973 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Affekot an DP-Politiker. Hien ass zanter dem 17. November 2023 Vize-Premierminister an Ausseminister an der Regierung Frieden-Bettel.

Xavier Bettel
Gebuer 3. Mäerz 1973
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Université Nancy-II
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Gauthier Destenay

Karriär änneren

Nom Ofschloss vum Secondaire classique am Lycée Hélène Boucher zu Diddenuewen a Frankräich[1] huet hien eng Maîtrise am Droit public an am Droit européen op der Droits-Fakultéit vun der Universitéit Nanzeg gemaach, an duerno och do en DEA a Politikwëssenschaft an am Ëffentleche Recht[2]. Am Oktober 2021 huet Reporter.lu reveléiert, datt de Bettel 1999 grouss Deeler vu senger DEA Dissertatioun plagiéiert hat. Hie huet am Ufank nëmmen unerkannt, datt hien et hätt kënne besser maachen.[3] Nodeem d'Uni Nanzeg decidéiert hat, datt seng Dissertatioun op Plagiat baséiert, huet hien Ufank Februar 2022 säin Diplom ofginn.[4]

Vun 2001 bis 2013 war hien Affekot um Barreau vu Lëtzebuerg.[2]

1989 gouf hie Member an der Demokratescher Partei an 1989 Kommiteesmember a Member vum Nationale Büro vun der JDL (Jeunesse démocrate et libérale) am Bezierk Zentrum.

1991 gouf hie President am Bezierk Zentrum a Vizepresident op nationalem Niveau vun der JDL. Hie war President vun der JDL vun 1994 bis 2002.

Bei de Gemengewale vum 10. Oktober 1999 ass hie fir d'éischt an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt ginn. 2005 gouf hie Schäffen. Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf hien Éischtgewielten, virum amtéierende Buergermeeschter Paul Helminger. De 24. November 2011 gouf hien als neie Buergermeeschter vun der Stad vereedegt a blouf dat bis bis zu senger Ernennung zum Premierminister.

Den 13. Juni 1999 gouf hie fir d'éischt an d'Chamber gewielt. Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004, deene vum 7. Juni 2009, deene vum 20. Oktober 2013 an deene vum 14. Oktober 2018[5] ass hien als Deputéierten all Kéier erëmgewielt ginn. 2009 bis 2013 war hie President vun der parlamentarescher Fraktioun vun der DP.[2]

Als Folleg vun de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien de 25. Oktober vum Grand-Duc Henri zum Formateur vun der neier Regierung ernannt ginn.[6] Dës Koalitioun aus DP, LSAP an Déi Gréng gouf de 4. Dezember 2013 vereedegt. D'Resultat vun de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 huet et erméiglecht, déi selwecht Koalitioun virunzeféieren, a sou gouf de Xavier Bettel de 5. Dezember 2018 op en Neits als Premierminister, déi Kéier vun der Regierung Bettel-Schneider-Braz, vereedegt.

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 goung et net méi duer mat de Sëtzer fir esou eng Koalitioun. Et koum zu enger Koalitioun vun CSV an DP, mam Luc Frieden als Premierminister. De Xavier Bettel krut d'Portefeuillë vum Vizepremier, Minister fir international an europäesch Affären, fir Kooperatioun, Aussenhandel an d'Groussregioun.[7]

Vum 29. Januar 2013 bis den 28. November 2015 war hie President vun der DP.[8]

Biller aus senger Zäit als Premierminister änneren

Privatliewen änneren

Hien ass gebuer als Bouf vun engem Wäinhändler an enger Franséisin mat russeschen Originnen (Famill vum Komponist a Pianist Rachmaninow[9],[10],[11]).

Den 28. Juni 2008 huet de Xavier Bettel an der RTL-Emissioun "Background" offen zu senger Homosexualitéit Stellung geholl. Hien ass zanter dem 15. Mee 2015 mam belschen Architekt Gauthier Destenay bestuet,[12] mat deem en zanter 2010 gepacst war.

Gielercher änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Xavier Bettel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Xavier Bettel – Zitater
Virgänger:
Paul Helminger
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
2011 - 2013
Nofollger:
Lydie Polfer  

Referenzen änneren

  1. http://copainsdavant.linternaute.com/p/xavier-bettel-5360926
  2. 2,0 2,1 2,2 "Biographie" op gouvernement.lu.
  3. Der Copy-and-Paste-Premier, Reporter, 27 Oktober 2021
  4. Le premier ministre du Luxembourg, accusé de plagiat, renonce à son diplôme de droit, Le Monde, 9. Februar 2022
  5. elections.lu.
  6. "Xavier Bettel Formateur: Regierung bis Ufank Dezember stoen." RTL.lu - 25.10.2013, 14:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.10.2013, 15:37.
  7. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
  8. "DP: De Xavier Bettel hält als Parteipresident op." rtl.lu, 23.09.2015, 13:09:18.
  9. De Xavier Bettel, e prësséierte jonke Liberalen, Republicain Lorrain, 26. Oktober 2013
  10. Women Leadership an der Groussregioun: Aniela Bettel Spiro-Rachmaninoff (Archiv) Gearchiveerd op 2014-08-12. Gekuckt de(n) 2014-08-12.
  11. Russen am Gibraltar vum Norden, Fond Russki Mir, 9. Abrëll 2009 (Archiv)
  12. "Luxemburgs Premier Bettel heiratet langjährigen Freund." Spiegel Online, 15.05.2015 – 19:21.
  13. Hohe Auszeichnung für Premier Xavier Bettel op wort.lu
  14. Remise de la grand-croix de l'ordre de la Couronne à Xavier Bettel par Charles Michel op der Websäit www.gouvernement.lu
  15. Xavier Bettel erhält hohe Auszeichnung. Luxemburger Wort (2023-01-26). Gekuckt de(n) 2023-01-28.
  16. (en)ERR, Foreign Minister: Disregarding international laws has to come at a price. ERR (2018-04-18). Gekuckt de(n) 2023-11-20.