Claire Delcourt

lëtzebuergesch Biologin a Politikerin

D'Claire Delcourt, gebuer den 23. Januar 1989 zu Diddeleng[1], ass eng lëtzebuergesch Biologin[2] a Politikerin (LSAP).

Claire Delcourt
Gebuer 23. Januar 1989
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Biolog, Politiker
Partei LSAP

Formatioun a Karriär änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Claire Delcourt schafft als Biologin bei der Police judiciaire.

Politesch Karriär änneren

D'Claire Delcourt ass zanter 2016 Member an der LSAP a war dat Joer drop Kandidatin bei de Gemengewalen an der Gemeng Hesper. Si war Zweetgewielt fir hir Partei, koum awer net an de Gemengerot. Bei de Wale vun 2023 war si Spëtzekandidatin an der Gemeng Conter, wou si fir d'LSAP nees déi zweetmeescht Stëmme krut[3]. Wéinst der Incompatibilitéit mat hirer Plaz bei der Police, huet si d'Mandat net ugeholl[4].

2018 huet si eng éischt Kéier fir d'Chamberwale kandidéiert, gouf awer net gewielt. Bei de Walen duerno, den 8. Oktober 2023, gouf si am Bezierk Zentrum als Drëtt vun der LSAP, hannert dem Franz Fayot an der Francine Closener, an d'Chamber gewielt[5].

Privates änneren

D'Claire Delcourt ass gepacst a Mamm vun engem Bouf.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)ClaireDelcourt. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-27.
  2. (fr)Candidats pour la première fois. paperjam.lu (07.07.2018). Gekuckt de(n) 10.10.2023.
  3. (fr)Contern. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-10.
  4. (lb)Wie sinn d'Newcomer an der Chamber?. https://www.100komma7.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-10.
  5. (fr)Résultats détaillés - Centre. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-11.