François Bausch

lëtzebuergesche Politiker


De François genannt Fränz Bausch, gebuer de 16. Oktober 1956 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (déi gréng).

François Bausch
Gebuer 16. Oktober 1956
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Eisebunner
Partei déi gréng

De François Bausch, deen 1986 Member bei de Grénge gouf, huet fréier bei der CFL als Zuchbegleeder geschafft.

Gemengepolitik änneren

Hie war vum 1. Januar 1994, bis zu senger Ernennung als Minister, am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a vum 10. November 2005 un Éischte Schäffen.

Landespolitik änneren

Hie war vum 18. Juli 1989 bis den 11. Oktober 1992 Deputéierten an der Chamber a gouf 1994, 1999, 2004, 2009, 2013, 2018 an 2023[1] erëmgewielt. 2013 an 2018 huet hien op säin Deputéiertemandat verzicht fir Minister ze ginn. Hie war vun 1999 bis 2013 Fraktiounschef an der Chamber.

Vum 3. Dezember 2013 bis de 15. Oktober 2018 war hie Minister fir nohalteg Entwécklung, Transport, ëffentlech Aarbechten an Infrastruktur an der Regierung Bettel-Schneider.

Dono war hien, vum 5. Dezember 2018 bis de 17. November 2023, an der Regierung Bettel-Schneider-Braz (um Enn Regierung Bettel-Lenert-Bausch) Minister fir nohalteg Entwécklung, Transport, ëffentlech Aarbechten an Infrastruktur, souwéi Verdeedegungsminister. De François Bausch war och Minister vun der Bannenzeger Sécherheet, huet dee Ressort awer den 11. Oktober 2019 un de Henri Kox delegéiert an den 23. Juli 2020 ganz un deen ofginn[2].

Gielercher änneren

Literatur änneren

Romain Meyerː François Bauschː Der Un-Geduldige. Skizzen eines politischen Lebens. Lëtzebuergː Éditions Guy Binsfeld, 2018. ISBN 978-99959-42-39-7.

Um Spaweck änneren

Commons: François Bausch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. (fr)La Chambre est désormais complète. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2023-11-21.
  2. Regierungsëmbildung betreffend d'Kompetenze vun der Verdeedegung an der bannenzeger Sécherheet. gouvernement.lu (23.07.2020). Gekuckt de(n) 24.07.2020.
  3. Memorial B n° 100 vun 2011 mat der Lëscht vun de Leit déi 2011 eng national Auszeechnung kritt hunn
  4. Memorial B n° 50 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1996 eng national Auszeechnung kritt hunn