Deputéierten

Member vun engem Parlament

En Deputéierten, deels och nach Parlamentarier oder Volleksvertrieder, ass eng Persoun déi bei enger Wal vun de stëmmberechtegte Wieler an e Parlament gewielt gouf.

Eng Partie Deputéiert an der Chamber am Kader vun enger OSCE PA Reunioun am Mäerz 2019

D'Deputéiert gi fir eng begrenzt Zäit (Legislatur) gewielt a se hunn an de meeschte Länner eng juristesch Immunitéit, d. h. datt se net strofrechtlech verfollegt kënne ginn, ausser et besteet eng speziell Prozedur fir d'Immunitéit opzehiewen. Wéinst dem Prinzip vun der Immunitéit kënne se dowéinst grondsätzlech net fir Aussoe verantwortlech gemaach ginn, déi se am Parlament gemaach hunn.

Fir hiert Mandat kréie se normalerweis eng finanziell Entschiedegung. A verschiddene politesche Systemer, mussen d'Deputéiert fir d'éischt vereedegt ginn, ier se hiert Mandat untriede kënnen.

An engem Zweekummersystem ass en Deputéierte gemenkerhand e Member vum Ënnerhaus („niddreg Chamber“) iwwerdeems d'Membere vum Uewerhaus („héich Chamber“) en aneren Titel hunn, wéi z. B. Senator (a Frankräich, der Belsch oder den USA) oder Lord (an England).

Situatioun zu Lëtzebuerg änneren

Dat nationaalt Parlament zu Lëtzebuerg, d'Chamber, besteet aus 60 Deputéierten aus am ganze véier Walbezierker: 7 Deputéiert aus dem Bezierk Osten, 9 aus dem Norden, 21 aus dem Zentrum an der 23 aus dem Süden. D'Deputéiert ginn all fënnef Joer bei de Chamberwale gewielt[1].

D'Mandat vun den nei gewielten Deputéiert fänkt mat der éischter Sëtzung vun der Chamber un, d. h. den drëtten Dënschdeg no de Chamberwalen[2]. An der selwechter Sëtzung hält och d'Mandat vun den Deputéierten aus der vireger Legislatur, op[3].

Konditioune fir kënnen Deputéierten ze ginn änneren

Fir sech bei de Chamberwalen als Deputéierte wielen ze loossen, muss ee follgend Konditiounen erfëllen[4]:

  1. Lëtzebuerger oder Lëtzebuergerin sinn;
  2. iwwer déi biergerlech a politesch Rechter verfügen;
  3. um Dag vun der Wal op d'mannst uechtzéng Joer al sinn;
  4. am Grand-Duché wunnen.

Net berechtegt fir Deputéierten ze ginn, sinn[5]:

  1. Persounen deenen d'Walrecht duerch eng Verurteelung entzu gouf;
  2. Leit déi wéinst enger penaler Verurteelung vun der Wal ausgeschloss sinn.

Incompatibilitéiten änneren

Net kompatibel mam Deputéierte-Mandat si follgend Funktiounen[6]:

Wann en Deputéierten eng Funktioun oder eng Plaz unhëlt, déi net mat sengem Mandat kompatibel ass, verléiert en d'office säin Deputéiertemandat.

Membere vum der Chamber däerfe weeder matenee bestuet, nach bis den zweete Grad matenee Famill sinn. Am Fall wou se zesumme gewielt ginn, gëtt geloust wien an d'Chamber opgeholl gëtt[9].

Finanziell Entschiedegung[10] änneren

Wärend sengem Mandat kritt en Deputéierten eng järlech Entschiedegung am Wäert vun 375 Index-Punkten, déi op der Basis vun de Paie vun de Staatsbeamte gerechent ginn. D'Hallschent vun der Entschiedegung ass fir Representatiounskäschten an dowéinst steierfräi. De Chamberpresident kritt nach 300 zousätzlech steierfräi Index-Punkte fir Representatiounskäschten. Den Deputéierte kritt och fir seng Presenz an enger Chamber- oder Kommissiounssëtzung eng Indemnitéit („Presenz-Jeton“) vu 15 Euro (gerechent op den Index 100).

Am Kader vu senge Missiounen huet all Deputéierten och Entschiedegungen zegutt fir Deplacementer an Iwwernuechtungen am Ausland.

Wann den d'Deputéierte Personal astellt, kann e bis e gewësse Plaffong d'Käschte rembourséiert kréien.

Den Deputéierten dee beim Staat, op enger Gemeng oder engem ëffentlechen Etablissement eng Plaz hat, déi net mam Deputéierte-Mandat kompatibel ass, kritt vum Staat eng speziell Pensioun bezuelt.

Politesche Congé[10] änneren

D'Deputéiert déi am Privatsecteur schaffen, d'Independanten an déi, déi net schaffen, hunn Urecht op e politesche Congé vun héchstens 20 Stonnen d'Woch. Se kënnen deemno fräigestallt ginn, fir Aufgaben am Zesummenhang mat hirem politesche Mandat auszeüben. Dozou zielt ë. a. d'Deelhuelen un de Sëtzunge vun der Chamber oder de politeschen oder techneschen Aarbechtsgruppen, grad ewéi d'Virbereede vun deene Sëtzungen.

Wärend dem politesche Congé kënnen d'Deputéiert aus dem Privatsecteur hir Aarbechtsplaz verloosse fir hiert Mandat auszeüben, se kréien awer weiderhin hir Pai a profitéieren och vun de Virdeeler am Zesummenhang mat hirer berufflecher Aktivitéit. D'Chamber rembourséiert dem Patron de Betrag vun der Bruttopai (bis op e gewësse Plaffong), plus de Bäiträg fir d'Sozialversécherungen. D'Independanten an déi, déi net schaffen, kréie vun der Chamber e forfaitaire Stonneloun.

Strofverfollgung änneren

Wéinst der parlamentarescher Immunitéit kann en Deputéierte fir seng Aussoen, Meenungen a Votten, déi en am Kader vu senger Funktioun als Deputéierte gemaach huet, weder zivil- nach strofrechtlech verfollegt ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lëtzebuergesch Deputéiert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Art. 121 vum Walgesetz
  2. Ibid. Art. 122
  3. Ibid. Art. 123
  4. Ibid. Art. 127
  5. Ibid. Art. 128
  6. Ibid. Art. 129
  7. Art. 65 vun der Constitutioun
  8. (lb)D'Funktioun vun den Deputéierten. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 17.10.2023.
  9. Art. 131 vum Walgesetz
  10. 10,0 10,1 Ibid. Art. 126