Zuchongléck um Houwald

(Virugeleet vu(n) Zuchongléck Houwald)

D'Zuchongléck um Houwald war en Accident, bei deem de 6. Abrëll 1997 e Persounenzuch an e Gidderzuch am Ausgank vum Stater Triage, am Eisebunnerjargon Zwickau genannt, kollidéiert sinn. D'Ongléck war mueres géint Véirel vir siwen.

De Persounenzuch, d'Automotrice 2003 vun den CFL, koum vu Péiteng iwwer Esch-Uelzecht a war ënnerwee fir an d'Stad. Well d'Kollisioun op engem Sonndeg Muere war, souzen nëmmen eng 30 Passagéier an der Automotrice.

De Gidderzuch huet aus enger Lokomotiv vum Typ CFL 3600 (3614) mat 20 Waggone bestanen: 11 Containerwaggonen a Kesselwaggone mat geféierlechen a liicht brennbare Substanzen. E war ënnerwee an den Triage op Beetebuerg

Oflaf vum Accident änneren

De Gidderzuch stoung am Ausgank vum Triage an huet op d'Signal gewaart fir kënnen ze fueren. Wéi en dat Signal krut, huet de Mecanicien den Zuch a Beweegung gesat fir op d'rietst Gleis a Richtung Bierchem ze fueren. Dofir huet e missen e kuerzt Stéck iwwer dat lénkst Gleis aus Richtung Bierchem fueren. Just an deem Ablack koum de Persounenzuch op deem Gleis entgéint an et koum zur Kollisioun.

Duerch den Impakt vun der Kollisioun sinn déi béid éischt Waggone vum Gidderzuch iwwer d'3614 gedréckt ginn; de Mecanicien vun deem Gefier war op der Plaz dout. De Mecanicien vun der Automotrice konnt sech an de Passagéierraum retten a koum mat schwéiere Blessen dovun.

Bilan änneren

  • 1 Doudegen(de Mecanicien vum Gidderzuch)
  • 29 Blesséierter, dovun 9 Schwéierblesséierter, gréisstendeels Knachebréch a Schnëttverletzungen.

Duerch d'Kollisioun war d'Catenaire sou beschiedegt ginn datt den Trafic ob där Streck wärend iwwer engem Dag onméiglech war. Wärend den nationalen Trafic duerch Bussen ersat gouf, sinn déi international Zich iwwer Esch an Attem op Arel deviéiert ginn.

Konsequenze vum Accident änneren

D'Sécherheetssystemer um Lëtzebuerger Schinnereseau sinn als Konsequenz vun dësem, a vun aneren Tëschefäll, iwwerschafft ginn, wat dunn 2007 zur Installatioun vum Memor II+ System gefouert huet.