Eng Automotrice, ass e feste Verbond vun Zuchmaterial deen eegestänneg fuere kann. Am normalen Trafic gi se net ausenaner geholl, a sinn an der Reegel reversibel, kënnen also a béid Richtunge fueren, ouni musse gedréint ze ginn.

D'Automotrice 2006 an der Stater Gare

Et gëtt 2 Zorte vun Automotricen, woubéi déi eng aus Voiturë bestinn déi allkéiers hiren eegenen Undriff hunn, an déi aner aus engem oder zwéi motoriséierten Deeler mat dertëscht rengem Lafmaterial.

Bannent enger Serie kënnen déi eenzel Elementer ausgetosch ginn.

D'Definitioun vun der Automotrice ass zu Lëtzebuerg déi selwecht wéi am däitschsproochege Raum ("Triebwagen"). Den Autorail ("Schienenbus") ass am Lëtzebuergeschen eng Unitéit déi aus engem eenzegen Deel besteet, zum Beispill d'CFL 2100, oder mat Remorquen ekipéiert ware wéi z. B. den Uerdinger.

An der Belsch an a Frankräich ass eng Automotrice obligatoresch en elektresch gedriwwenen Zuchverbond. Der lëtzebuergescher Definitioun no, kann eng Automotrice souwuel elektresch wéi och mat Diesel bedriwwe sinn.

D'CFL hunn Automotricë vun den Typpen 2000, 2200 a 628.4.

Och déi belsch, franséisch an däitsch Eisebunne setzen Automotricen zu Lëtzebuerg an.

Um Spaweck änneren

Commons: Automotrice – Biller, Videoen oder Audiodateien